De Wochenausbléck: Méi Niwwel, méi Wollécken a méi kill

Lues a lues mecht sech, no laanger Zäit, no a no e Wiederchangement bemierkbar.

Am allgemenge méi oft wolléckeg

An dëser Woch schwächelt den Héichdrockafloss ëmmer méi, soudass méi Wollécken an och e puer Nidderschléi de Wee op Lëtzebuerg fanne wärten. Dëst geschitt allerdéngs net vun haut op muer, mee an Zäit vun e puer Deeg. Dohier hu mir et ufanks nach mat enger ganzer Partie sonnëge Momenter ze dinn, ier d’Wollécken ëmmer méi d’Iwwerhand kréien.

De Méinde starte mir mat engem kloere bis liicht wolléckegem Himmel an den Dag eran, an den Däller ass mat méi décke Niwwelfelder ze rechnen. D’Temperature leie bei 4 bis 7 Grad a klammen am Virmëtten op 9 bis 12 Grad. Mëttes an am Nomëtten ass et da méi wolléckeg, schwaache Reen a Form vu Fisemreen ka net ausgeschloss ginn. Et zitt eng Kaalfront duerch, d’Temperature packen et just nach op Maximalwerter vun 11 bis 15 Grad. Méi spéit um Owend an an der Nuecht verschwannen d’Wollécke rem gréisstendeels, soudass et rem opkläre kann. Niwwel wärt bei 6 bis 0 Grad rem dobäi sinn, fläit och Buedemfrascht a glaat Stroossen.

Enn der Woch Kaalloftabroch?

Virun allem vum Mëttwoch un gëtt et am grousse Ganze méi gro zu Lëtzebuerg, daat a Form vu Wollécke mee awer och Héichniwwelfelder. D’Temperature bleiwen um selwechte Niveau an haale sech am Beräich vun 11 bis 16 Grad am Dag op, an de Nuechten bei ëm 8 Grad. Et ass zäitweis mat Nidderschléi ze rechnen, déi awer éichter a Form vu Niwwel oder Fisemreen eroofkomme sollten. Soumadden ass, zumindest bis den Donnëschden, net mat nennenswerte Nidderschlagsquantitéiten ze rechnen.

De weidere Verlaaf gëtt méi spannend: Et gëtt mat engem Kaalloft-Abroch gerechent, deen eis och méi Nidderschléi an d’Land bréngt. Ënner Ëmstänn kéint et op de Koppe vir déi eng oder aner Schnéiflack duergoen. Météo Boulaide bleift vir Iech un der Saach drun.