De Wochenausbléck: Mëll Temperature bis de Mëttwoch

Bis de Mëttwoch leie mir nach ënner Héichdrockafloss, ier eis um Mëttwoch aus Westen eng Kalfront areecht.

Nachemol summerlech

De Mëttwoch wäert eis aus nordwestleche Richtungen hier eng Kalfront passéieren, déi d’Temperature nach e Stéck erofdrécken an am ganze Land d’Wahrscheinlechkeet vu Reen opliewe losse wäert. Virdéicht gëtt et awer nach mëll bis summerlech waarm, dat mat vill Sonn a just e puer harmlose Wollécken.

De Méindemoie starte mir mat vill Sonn an den Dag era, virun allem an den Däller sinn och mol Niwwelfelder ze erwaarden. D’Temperature leien tëscht 6 an 13 Grad an areechen am Nomëtten e Maximum vu 19 bis 23 Grad. Et stellt sech e Sonn- Wolléckemix an, dat bei engem zäitweis méi spierbare Wand mat Spëtzte vu 40 km/h aus Nord- Nordwesten. An der Nuecht op den Dënschde kéint et an eenzelnen Däller am Norde bis op 3 Grad ofkillen. Den Dënschde selwer gëtt och nachemol e summerlech waarmen Dag mat vill Sonn a nach manner Wollécken. D’Temperature klammen op e Maximum vun 21 bis 25 Grad.

D’Wiedergeschéie bis de Freide vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Zweet Wochenhalschend méi gro a méi kill

Am Laf vum Mëttwochnomëtte kënnt eng Kalfront bei eis un, duerch déi d’Temperaturen op ronderem 20 Grad fale wäerten. Mat dobäi wäert d’Wahrscheinlechkeet vum néidege Reen an d’Luucht goen. De Mëttwochnomëtte kann et dementspriechend bei ufanks nach schmeieren 22 bis 26 Grad zu den éischte Schauere kommen. Um Donneschden an um Freiden zéie méi déck Wollécken duerch, just heiansdo kënnt sech d’Sonn nach tëschenduerch weisen. D’Temperature klammen um Donneschden op 16 bis 20 Grad, um Freiden op 16 bis 21 Grad. Aus aktueller Siicht gesi soll och de Weekend ganz ähnlech verlafen.