De Wochenausbléck: Mëtt der Woch ëm 20 Grad net auszeschléissen

An der neier Woch hu mir et de Gros vun der Zäit mam Afloss vun héijem Loftdrock ze dinn, just heiansdo funkt mol dat engt oder anert Tëschendéif dotëscht. Haaptsächlech wat d’Temperaturen ugeet gi mir a Richtung Fréijoer.

Grousswiederlag & Wochestart

Duerch gréisser Héichdrockgebitter iwwer Mëtteleuropa an déiwem Loftdrock bei Portugal ginn däitlech méi waarm Loftmassen an eis Richtungen transportéiert. Bleiwen d’Berechnunge sou wéi elo am Moment (Stand 16.03.2020 – 03:00h), da wieren de Mëttwoch haaptsächlech laanscht de Südoste vum Land Wäerter vu bis zu 20 Grad méiglech. Haaptsächlech wat d’Temperaturen ugeet si mir also am fréijoersméissege Beräich ënnerwee, wat de Wiederzoustand selwer ugeet wäert et awer nach där méi groer Momenter kënne ginn. D’Sonn ka sech alles an allem awer besser duerchsetze, wéi d’lescht Woch nach.

Mir starte mat e puer wéinege Wolleken an och Niwwelfelder an de Méinden eran, dat mat Fréitemperature vu 4 bis 6 Grad. Am Virmëtte si net all ze vill Wolleken ënnerwee, d’Sonn kënnt mol eraus. Mëttes ännert sech dat nach net, d’Temperature klammen op 12 bis 17 Grad ier vum Nomëtten u rem méi Wolleken eragezu kommen. Et besteet dobäi eng kleng Schauerwahrscheinlechkeet. An der Nuecht geet et op 7 bis 5 Grad zréck.

De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis de Weekend inclus (GFS – wxcharts.com)

Um Dënschden erwaart eis en änlechen Oflaf. Et sinn eng ganz Partie Wolleken ënnerwee, wann och e bësse manner wéi um Méinden. Trotzdem kënnt et ëmmer rem zu flotte sonnege Momenter. Um Moie starte mir mat 6 bis 8 Grad an den Dag eran, am Virmëtte si mir bei 9 bis 11 Grad. Mëttes an am Nomëtte sinn Dageshéchsttemperature vun 13 bis 17 Grad ze erwaarden, dat bei engem just schwaache Wand aus Südwesten. Et si rem, wéi gesot, e puer Wolleken ënnerwee, déi d’Schauerwahrscheinlechkeet just minimal an d’Luucht drécken. Meeschtens bleift et also am Groussdeel vum Land drëchen.

De Mëttwoch gëtt de viraussiichtlech frëndlechsten Dag vun der Woch. D’Sonn huet, Stand aktuell, un deem Dag déi bescht Chancen, sech duerchzesetzen. Et si manner Wolleken ënnerwee wéi un den aneren Deeg. Um Moie leien d’Temperaturen tëscht 5 a 7 Grad a klammen am Virmëtten op 10 bis 12 Grad erop, dat iwwerdeems d’Sonn um RDV ass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 15 bis 19 Grad areecht, plazeweis sinn och 20 Grad net auszeschléissen. De Wand ass nëmme schwaach aus Südwesten ënnerwee. An der Nuecht op den Donneschde wäert et gréisstendeels opkläeren, d’Temperature falen awer just op 6 bis 4 Grad soudass Buedemfrascht a glat Stroossen éischter onwahrscheinlech sinn.

Stéierungen an der zweeter Wochenhalschend

An der zweeter Wochenhalschend gëtt et scho méi wahrscheinlech, dass kleng Tëschendéifdrockgebitter dotëschtfunken. Dat ka sech dann a Form vu vill méi Wolleken an och eenzelne Schauere weisen, d’Temperature klamme no enger Zäit och net méi sou héich. Um Donneschdemoie geet et méiglecherweis mat enger Partie Niwwelfelder un, d’Temperature leien tëscht 5 a 7 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 10 bis 12 Grad erop, et gëtt méi gro. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 14 bis nachemol 19 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwach aus Süd- Südwesten. D’Wolleke kréien d’Iwwerhand, dobäi kann och mol eng Schauer optrieden. An der Nuecht op de Freide soll et rem méi drëche ginn, nei Niwwelfelder sinn ze erwaarden.

Duerch den zäitlechen Ofstand kënne natierlech nach Ännerunge virkomme, mee aus aktueller Siicht gesi kéint de Freide rem en zimmlech groen Dag ginn. D’Temperature géifen et am Nomëtte nach op 11 bis 17 Grad packen, dat bei eenzelne méigleche Schaueren. Wat de Weekend geschitt, ass nach immens onsëcher. Déi eng Modeller gesinn do nach Temperature vun ëm 12 Grad, anerer awer och d’Méiglechkeet vun e puer Schnéischaueren.