De Wochenausbléck: Mëtt der Woch lokal ëm 35 Grad net ausgeschloss

Wéi mir et d'lescht Woch an der Mëttelfrist-Prognos schonn gesinn hunn, klammen d'Temperaturen elo an dëser neier Woch erëm op wäit iwwer 30 Grad eraus.

D’Grousswiederlag

An der éischter August-Woch dominéiert héije Loftdrock iwwert de Kontinent, iwwerdeems sech d’Déifdrockaktivitéit gréisstendeels dobaussen iwwert dem Atlantik an och de britteschen Inselen hält. Duerch dës Konstellatioun kënnt et erëm zu enger waarmer bis immens waarmer südwestlecher bis südlecher Stréimung, déi eis héichsummerlech Temperature vu wäit méi wéi 30 Grad op Lëtzebuerg an och an eis Nopeschlänner transportéieren. Nëmmen heiansdo ass mol eng kleng Déifdrock-Stéierung dobäi, duerch déi et mat vill Chance zu vereenzelte Nidderschléi ka kommen.


D’Grousswiederlag bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Den Dag vun haut start mat enger ganzer Partie Wolleken, déi sech méi oder manner bis den Owend esou behapte kënnen. Iwwerdeems besteet eng kleng Warscheinlechkeet vu lokale Schaueren. D’Temperature packen et op e Maximum vun 23 bis 26 Grad. Muer um Dënschde wiessle sech d’Sonn an e puer harmlos Wolleken of, mat 26 bis 31 Grad gëtt et direkt schonn e gudde Krack méi waarm. De Mëttwoch si quasi keng Wolleken ënnerwee, d’Sonn sëtzt um laangen Hiewel. Ze erwaarde sinn héichsummerlech Maximaltemperature vun tëscht 31 a 36 Grad.

Déi zweet Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent besteet haaptsächlech um Donneschden d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi, dat duerch eenzel Schaueren oder och mol en Donnerwieder. De Grond: eng Kalfront zitt duerch, dat tendenziell a Richtung Owend/Nuecht op de Freiden. Wéi aktiv dës Kalfront, trotz de Berechnunge, wäert sinn, muss awer ofgewaart ginn. Ier et esouwäit ass, wiessle sech d’Sonn an eng Partie Wolleken of. 32 bis 36 Grad stinn un, deemno wéi ass fläit och mol eng 37 Grad net ausgeschloss. Och de Freide besteet nach eng kleng Schauerwarscheinlechkeet, dat duerch vill Wolleken. 24 bis 29 Grad stinn un.

Fir de Weekend gesäit et dem aktuelle Stand no esou aus, wéi wa mir et de Samsde mat vill Sonn a 24 bis 28 Grad ze di kriiten. Och de Sonnde soll bei 24 bis 29 Grad net vill anescht ausgesinn.

Fazit: eis erwaart eng weider summerlech Woch, an där et viraussiichtlech vill ze dréche bleiwe wäert – trotz der Warscheinlechkeet vu Reen oder lokale Wiederen, déi mir zäitweis wäerten hunn.