De Wochenausbléck: Mix aus Sonn, décke Wolleke, liichte Nidderschléi a Niwwelfelder

Déi nei Wiederwoch gëtt, och wann et heiansdo erëm bësse méi fiicht ass, eng zimmlech roueg. Gréisstendeels leie mir ënner Héichdrockafloss.

Wéi och schonn an de leschten Artikelen, an deene mir op d’Entwécklung vun der Grousswiederlag agaange sinn gesoot, bleiwe mir gréisstendeels ënner Héichdrockafloss. Dëst heescht also, dass et ganz änlech viru geet wéi z.B d’lescht Woch, wou mir méi oft mat Niwwel ze kämpfen haaten. Den Ënnerscheed: heiansdo ka liichten Déifdrockafloss vum Atlantik eriwwergräifen, ouni sech awer laang ze haalen oder duerchzesetzen.

Iwwerdeems dat grousst Héich iwwer Europa läit, ginn d’Déifdrockgebitter ronderëm ëmgeleed. Richtege Reen ass also net oft dobäi, an dohier kommen och déi niddrëg Nidderschlagsquantitéiten zustaanen.

De Verlaf

Mir starten d’Woch mat engem zimmlech wollekegem Méinden, wou sech d’Sonn nëmmen heiansdo dotëscht weise kënnt. Et besteet eng kleng Schauerwarscheinlechkeet, mee et sollt bis op e puer Ausname meeschtens dréche bleiwen. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 7 an 10 Grad. Um Dënschde geet et ganz änlech virun – a soubal sech de Niwwel verzunn huet, kann et och mol zu frëndlechen a sonnege Momenter kommen 6 bis 9 Grad stinn un. Um Mëttwoch kënnt dat an d’Spill, wat mir am Ufank genannt hunn: liichten Déifdrockafloss. Sou kann et um fréie Moien méi verbreet zu liichte Schauere kommen, ier et dann am Laf vum Dag schonn erëm manner oft dozou komme wäert. D’Temperature packen et op 6 bis 9 Grad.


Och déi nei Woch steet gréisstendeels ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock | Animatioun: wxcharts.com

An der zweeter Wochenhallschent bleift den héije Loftdrock bei eis, mee mir ginn oft vun Héichniwwel duerch d’Deeg begleet. Um Donneschde sinn eenzel sonneg Momenter méiglech, mee dat ebe just, wann de Niwwel et zouléisst. D’Temperature klammen op tëscht 6 an 10 Grad. Um Freide bleift et zimmlech bedeckt, d’Sonn huet aus aktueller Siicht gesinn net déi bescht Chancen – 6 bis 9 Grad. Um Samsde si kompakt Wolleken ënnerwee, ier et awer esou wäit ass kënnt sech d’Sonn heiansdo weisen. 6 bis 9 Grad. Spéitstens um Sonnden soll et erëm méi warscheinlech reene kënnen.