Eng weider variabel Woch steet un, an där et zu Temperaturschwankunge kënnt. Et sollt also fir bal jiddereen eppes dobäi sinn.
D’Grousswiederlag
Eist Wieder gëtt weiderhi vun déiwem Loftdrock bestëmmt deen iwwert de britteschen Inselen mee och dem nërdlechen Europa läit. Südlech dovun, also iwwer Europa selwer esouwéi och iwwert dem Mëttelmierraum, läit héije Loftdrock. D’Stréimungsbild ergëtt eng Westwiederlag, duerch déi et bei eis net nëmmen zu Schwankunge mam Wieder selwer kënnt, mee och wat eis Temperature betrëfft.
De Verlaf
Haut um Méinden geet et mol nach mat e puer héije Wolleken un, d’Temperature sinn an der Nuecht op e Minimum vun tëscht 15 an 18 Grad zréckgaangen. Duerch de Reen an d’Donnerwieder gëschter war et immens fiicht, et huet sech tropesch ugefillt. Haut gi Maximaltemperature vun tëscht 24 an 30 Grad ugepeilt, wat net méi grad esou waarm ass wéi de Weekend. Sonn a Wolleke wiessle sech of an trotz klenger Schauerwarscheinlechkeet bleift et gréisstendeels dréchen.
Muer um Dënschde gëtt et mat Maximaltemperature vun tëscht 30 a 34 Grad erëm e gutt Stéck méi waarm, wat erëm op e kuerzzäitege Virstouss vu waarme Loftmassen aus dem déiwe Süde vun Europa zréckzeféieren ass. Sonn a Wolleke wiessle sech of, a Richtung Dënschdenowend klëmmt erëm de Risk vun engem punktuellen Donnerwieder. E Mëttwoch bleift et bei enger Partie Wolleken & sonnege Momenter meeschtens dréchen, d’Temperature maache mat 21 bis 26 Grad e Réckgang, deen fir vill Leit bestëmmt eng Erliichterung ass.
Dës Erliichterung géif sech en Donneschden an e Freide fortsetzen, dat mat 20 bis 25 Grad en Donneschden a 24 bis 28 Grad e Freiden. Sonn a Wolleke wiessle sech of, lokalen a geréngfügege Reen bleift weiderhin d’Ausnam. De Weekend kéinten eis, nieft e puer Donnerwieder (nach net sécher) erëm Maximaltemperature vun tëscht 30 a 34 Grad e Samsden an 24 an 28 Grad e Sonnden ustoen.