De Wochenausbléck: Nach bis de Weekend Héichdrockafloss

An dëser Wiederwoch bleift et mol nach weiderhin zimmlech roueg heiheem, den Déifdrockafloss klëmmt viraussiichtlech eréischt erëm vum Samschden un. Bis dohin erwaarden eis bis zu 15°C.

Advertisement

D’Grousswiederlag

D’Héichdrockgebitt, wat sech vun e Freiden u no a no bei eis breetgemaach huet, läit momentan matten iwwert eisem Kontinent an erstreckt sech mat sengem Kär vu Südengland eriwwer bis an Osteuropa. Dëse Konstrukt wäert der momentaner Viraussiicht no nach bis e Samschden halen an doduerch och den Afloss vun engem Déifdrockgebitt blockéieren, wat iwwer Südwesteuropa läit.


Déi aktuell Héichdrocksituatioun iwwer Europa | Grafik: wxcharts.com

Vun e Sonnden oder e Méinden un soll et dem momentane Modellstand no dann dozou kommen, dass eist Héich verdrängt gëtt an et doduerch zu engem Changement ka kommen.

De Verlaf

Haut um Méinden hu mir erëm en änlechen Dag ewéi gëschter: D’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall, de Niwwel war och dës Kéier kee gréissert Thema. Duerch de kloren Himmel an eng sougenannt “Inversiounswiederlag” konnt et de Moien awer och gutt ofkillen, un der ASTA-Statioun zu Breedelt gouf e Minimum vu -7,8°C erreecht. Och op anere Plaze si mir bei -6 oder -7°C ënnerwee gewiescht, dat beispillsweis zu Schëmpech, Béiwen, Ueschdref, Rued, Useldeng, Waldbëlleg, Iechternach, Réiser an Ell.

Muer um Dënschden erwaarden eis mëttelhéich an héich Wolleken/Niwwel, deen sech méi laang kann halen. Fréistens am fréie Nomëtte kann et erëm méi frëndlech ginn, spéitstens awer eréischt am spéidere Nomëtten. D’Temperature packen et op 9 bis 14°C an et ass weiderhi kee relevante Nidderschlag ze erwaarden. E Mëttwoch ginn d’Chancen op Sonn erëm besser, änlech ewéi haut an och e Sonnden. D’Temperature si mat 10 bis 13 Grad dobäi, en Donneschde gëtt et viraussiichtlech änlech mat 11 bis 13°C. An de Nuechte geet et op ville Plazen op -3°C zréck, duerch den Inversiounseffekt kann et lokal awer och nach méi kal ginn.

E Freiden an e Samschde wierken aller Virausiicht no e puer Schleierwolleke mat, a Richtung Weste kéinten déi och zäitweis méi kompakt ausfalen. Reen steet awer ëmmer nach keen um Programm, iwwerdeems d’Temperaturen e Maximum vun tëscht 12 a 15°C erreechen. Am Laf vum Sonnde ginn d’Wolleke viraussiichtlech méi, fréistens e Méinde soll et duerch déiwe Loftdrock zu Nidderschléi kommen. Eist Héichdrockgebitt gëtt vun Déifdrockafloss verdrängt.