De Wochenausbléck: Nach kee gréissere Changement ze erwaarden

Déi éischt Woch vum neie Joer gëtt änlech wéi déi, mat där 2022 op en Enn gaangen ass. D'Westwiederlag bleift!

Advertisement

D’Grousswiederlag

Wéi gesot, bleift eis d’Westwiederlag weiderhin erhalen. De Moment läit en Héichdrockgebitt iwwer Spuenien an dem restleche Mëttelmierraum, iwwerdeems mir et mat déiwem Loftdrock iwwert dem Atlantik an och Nordeuropa ze dinn hunn. Duerch dës Konstellatioun bleift weiderhin eng südwestlech bis westlech Stréimung un der Dagesuerdnung, duerch déi et also variabel bei eis heiheem bleift. Dozou gehéiere vill Wolleken, Reen an och mol erëm lefteg bis stiermesch Momenter. Dëst kléngt elo net sou super frëndlech, mee och d’Sonn kann heiansdo awer e klengen Trouscht ginn.


D’Grousswiederlag um Dënschdenowend | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

De Verlaf

Mir starten d’Woch mat ville Wolleken an et reent, elo am Laf vum Nomëtte sollt et awer trotzdeem no a no méi dréche ginn. D’Maximaltemperature packen et op tëscht 8 an 11 Grad, et ass also ouni Fro vill ze waarm fir d’JoreszäIt. Muer um Dënschde soll et erëm dréche bleiwen, dobäi wiessle sech d’Sonn an e puer méi déck Wolleken of. D’Temperature leien tëscht 6 an 10 Grad am Nomëtten, also ëmmer nach keng gréisser Differenz. E Mëttwoch gëtt et erëm méi gro an et ass mat Reen ze rechnen, dobäi bléist eis e stramme Wand mat bis ëm 70 km/h ëm d’Oueren.

An der zweeter Wochenhallschent stinn zwee weider Frontenduerchgäng un. Dowéinst kann et e Freiden erëm e bësse naass ginn, mee och de Sonnden. Vill Reen sollt dobäi awer och net erofkommen. Wärend dem Frontenduerchgang e Freide kann et och kuerz erëm méi lefteg ginn. Temperaturméisseg beweege mir eis fir de Rescht vun der Woch bei tëshct 7 an 10 Grad am Dag, an de Nuechte ginn et keng gréisser Ënnerscheeder. Frascht gëtt et also och keen.