De Wochenausbléck: Nach zäitweis wanterlech Entwécklunge méiglech

Eng weider interessant Wiederwoch steet un. Iwwerdeems d’Temperaturen an den éischten Deeg zäitweis gréisser Schwankunge weise kënne, kéint et a Richtung Enn der Woch erëm e gutt Stéck méi kill ginn.

Grousswiederlag

An der éischter Wochenhallschent hu mir et mat engem kräftegen Déifdrockgebitt iwwert der Ostséi/Skandinavien ze dinn, iwwerdeems läit héije Loftdrock iwwert dem Südweste vum Kontinent. Duerch dës Konstellatioun ginn kill a gläichzäiteg och fiicht Loftmassen op Mëtteleuropa gelenkt, déi nach fir déi eng oder aner wanterlech Entwécklung suerge kënnen. An der zweeter Wochenhallschent ka sech e gréissert Héichdrockgebitt iwwer Europa duerchsetzen, wouduerch mir ënnert nach méi stabillen Afloss vu kille Loftmasse gerode kéinten.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag & de Loftmasse bis de Sonnden | wxcharts.com

Och um Mëttwochowend deemno wéi erëm méi wanterlech

Um Méinde starte mir roueg an d’Woch eran, d’Temperature leien an de fréie Moiesstonnen tëscht äiskale -11 a -5 Grad gi gemooss. Am Virmëtte klammen des Wäerter op -5 bis -2 Grad erop, et gëtt no a no lues a lues méi wollekeg. Am Nomëtten ass mat Maximalwäerter vu -1 bis 3 Grad ze rechnen, trotz der ëmmer méi décker Wollekendecke bleift et nach gréisstendeels dréchen. Um Owend an an der Nuecht zitt aus Nordwesten eng Waarmfront eran, duerch déi et zu Schnéischaueren, Schnéireen a Reen komme kann. Besonnesch op de Koppe kënnen d’Flacken am warscheinlechsten optrieden – am ganze Land besteet awer op mannst mol de Risk vu glate Stroossen duerch Nätzt déi fréiert oder och Glëtz. Eng Rutschpartie ka net ganz ausgeschloss ginn, besonnesch a Richtung fréien Dënschdemoien. D’Temperature leien dann bei 0 bis 4 Grad. Wärend dem Dag kann et nach bis an de fréie Nomëtten eran zu Schauere kommen, duerno gëtt et awer méi dréchen. 4 bis 8 Grad stinn um Programm. De Mëttwochmoien ass et liicht wollekeg, am Laf vum Dag gëtt et awer ëmmer méi gro. Vum Owend u kann erëm Schnéireen an deemno wéi Schnéifall asetzen. Glat Stroosse sinn dann erëm méiglech.

Zweet Wochenhallschent erëm méi kill

Den Donneschden ass et gréisstendeels bedeckt, et ka bei Maximaltemperature vun tëscht 2 a 6 Grad ëmmer erëm zu Nidderschléi a Form vu Schnéireen kommen – op de Koppen awer och mol Schnéi. D’Nidderschléi halen och an der Nuecht op de Freiden un, et gëtt awer méi mëll. De Freiden zéie vill Wolleken duerch, d’Temperature klammen op -1 bis 3 Grad. Eenzel Nidderschléi si méiglech, dat erëm a Form vu Schnéireen an op de Koppen och Flacken. De Samsde sollen d’Temperaturen am Dag op -2 bis 1 Grad klammen, Sonn an e puer eenzel Wolleke wiessle sech of. Et soll generell méi frëndlech ginn wéi an den Deeg virdrun. De Sonnde gëtt et erëm méi wollekeg, mee et soll gréisstendeels dréche bleiwen. D’Temperature klammen op e Maximum vun -1 bis 2 Grad.