De Wochenausbléck: Nëmme lues méi waarm, ëmmer erëm mol eng lokal Schauer

An der neier Wiederwoch gi mir gréisstendeels vun déiwem Loftdrock beaflosst, duerch deen et ëmmer erëm zu e bësse Reen kënnt. D’Temperaturen hale sech och nach gréisstendeels zréck.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Déifdrockgebitter iwwert dem skandinavesche Raum esouwéi och an der Géigend vun de britteschen Inselen lenken an dëser neier Wiederwoch ëmmer erëm Fronten mat e bësse Reen op Lëtzebuerg. Vill ass zwar ni dobäi, an awer geet et fir naass Momenter duer. Eréischt a Richtung Weekend probéiert sech en Héichdrockgebitt iwwert d’Nordséi ze leeën, wat eist Wieder e bësse géif verbesseren. Déi eenzeg Chance op e bësse méi héich Temperature ginn et viraussiichtlech a Richtung Weekend.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Woch vun uewe gekuckt | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

De Méindemoie si mir mat engem klore bis liicht wollekegem Himmel an den Dag era gestart, plazeweis waren och méi déck Niwwelfelder ënnerwee. Un der ASTA-Statioun zu Schëmpech louchen d’Temperature bei 3,7°C, un der ASTA-Statioun zu Ueschdref waren et genee 4°C. Am rescht vum Land louch den Thermometer bei tëscht 6 an 10°C. De Moment, an dem och dësen Artikel geschriwwe gëtt, si mir bei tëscht 13 a 19°C ënnerwee – et ass zimmlech wollekeg an et kënnt zu Schaueren, dat haaptsächlech an enger Sträif déi sech iwwert d’Nordhallschent vum Land erstreckt. D’Reewarscheinlechkeet geet no a no zréck, an der Nuecht sollt et bei tëscht 9 an 11°C dréche bleiwen.

Muer um Dënschden erwaart eis en änlechen Dag, et ass mat weidere Schaueren ze rechnen. D’Temperature packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 16 a 19°C, tëscht de Wolleke ka sech d’Sonn och mol kuerz weisen. E Mëttwoch ännert sech och net vill, dat bei engem Mix aus Sonn a Wolleken – eenzel Schauere sinn erëm net ausgeschloss. 16 bis 21 Grad sinn ze erwaarden. En Donneschde gëtt et nach en Tick méi wollekeg, d’Chancen op Sonn ginn e bësse manner gutt – d’Warscheinlechkeet fir eng Schauer geet awer och zréck. 16 bis 20°C sinn ze erwaarden.

E Freide si viraussiichtlech e puer méi déck Wolleken ënnerwee, déi sech awer mat der Sonn ofwiesselen. Eng Schauer ass dotëscht net ausgeschloss, bestëmmt awer net den Dag. 19 bis 24°C si méiglech, et gëtt also erëm e bësse méi waarm. De Samsde si vill Wolleken ënnerwee, eng ganz lokal Schauer ass net onméiglech mee et betrëfft just déi mannst. Tëscht 22 a 26°C sollen aus momentaner Siicht ze erwaarde sinn. E Sonnde gesäit et no engem Sonn-Wollekemix aus, d’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 20 a 24°C.