De Wochenausbléck: No laanger Zäit rem Reen a manner waarm

No héichdrockdominantem Wieder gerode mir elo ënnert eng Westwiederlag. D’Konsequenz: no laanger Zäit rem Reen an och fir d’Joreszäit normal Temperaturen.

Westwiederlag bréngt Chancen op Reen

Am Abrëll huet et op enger ganzer Rëtsch Plaze bis ewell genee 0,0 l/m² gereent – domat ass et also ee vun den drëchensten Abrëllméint. Eng Ännerung ass awer um Wee: wärend et muer scho liicht méi wollekeg gëtt (mee et nach meeschtens drëche bleift), setzt sech um Dënschden de méi onbestännege Charakter duerch. Sollten d’Berechnungen also a Punkto Reequantitéite Recht behalen, da géif den Abrëll net grad komplett nidderschlagsfräi op verschidde Plazen ausfalen. Un der Météo Boulaide- Wiederstatioun huet et bis ewell iwwrëgens 0,2 l/m² gereent. Sollten an de nächsten Deeg manner wéi 6,6 l/m² fale, wier et de bis elo drechensten Abrëll un der Statioun.

De Méinde geet virdéischt awer mol nach méi roueg un. Wéi an de leschten Deeg kënnt sech d’Sonn mol nach weisen, dat de ganzen Dag iwwer. Just gëtt et vum Nomëtten un ëmmer méi wollekeg, et sollt awer drëche bleiwen. D’Temperature leien an de Moiesstonne plazeweis am Beräich vum Gefréierpunkt, lokal awer och schon driwwer. Mëttes an am Nomëtten ass bei enger zouhuelender Loftfiichtegkeet mat 20 bis 25 Grad ze rechnen. An der Nuecht op den Dënschde ginn dann duerch en Déif iwwert dem Ärmelkanal an d'”Iwwerreschter” vun enger Konvergenz iwwer Frankräich éischt Nidderschléi a Richtung Lëtzebuerg gelenkt. D’Temperature ginn op 13 bis 10 Grad zréck.

Duerch eng Westwiederlag gëtt et no laanger Zäit rem méi onbestänneg (GFS – wxcharts.com)

Sonneg Momenter méi rar, klenge Wiederrisk

Den Dënschden an de Mëttwoch gesinn aus aktueller Siicht gesinn (27.04.2020 – 02:19 Auer) zimmlech d’selwecht aus. Et ass meeschtens wollekeg, dobäi kann ëmmer rem mol eng Schauer erofkommen. Den Dënschdemoie leien d’Temperature bei tëscht 11 an 13 Grad, de Mëttwochmoien tëscht 9 an 11 Grad. Um Dënschde gi Maximaltemperature vu 15 bis 18 Grad areecht, de Mëttwoch si 14 bis 17 Grad ze erwaarden. Och wandtechnesch ënnerscheede sech déi zwee Deeg net vill vuneneen: um Dënschde kënnen an de Spëtzte bis zu 50 km/h aus West- Südwest areecht ginn, um Mëttwoch bis zu 40 km/h aus Südwesten.

Um Donneschde ka sech d’Sonn da scho rem méi wahrscheinlech tëscht de Wolleke weise kommen, allerdéngs besteet de ganzen Dag iwwer d’Méiglechkeet vun eenzelne Schaueren oder och mol engem Wieder. Et gi Maximaltemperature vu nach 12 bis 16 Grad areecht. De Freide kéint mat 12 bis 16 Grad e méi drëchenen Dag ginn – zwar mat enger Partie Wolleke, mee och sonneg Momenter sollen dotëscht méiglech sinn. De Wand ass ëmmer nach spierbar aus Westen ënnerwee. Um Samsde kann et, wéi et momentan ausgesäit, méi groussflächeg reenen. Dat bei 14 bis 18 Grad. Vum Sonnden u sollen da rem méi drëchen a méi waarm Loftmassen opkomme, wouduerch et rem méi frëndlech géif ginn.