De Wochenausbléck: Och dës Kéier kee Comeback vum Summerwieder zu Lëtzebuerg

Mir hunn eis haut haaptsächlech d’Reequantitéiten & och d’Wandvitessen ugekuckt. Mee wéi entwéckelt sech d’Woch am Allgemengen?

Advertisement

D’Grousswiederlag

An dëser Woch rauscht een Déifdrockgebitt nom aneren iwwert eis ewech, eréischt vum Samsden un probéiert sech schwaachen Héichdrock dotëschtzedrécken. Ob dat geléngt, ass awer definitiv a Fro ze stellen. Et kann ee sech also zimmlech sécher op eng ongemittlech Woch astellen.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Wiederwoch bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

De Méinden ass et haaptsächlech vum Nomëtten un aus Westen hier ëmmer erëm naass ginn, d’Temperaturen haten et op e Maximum vun tëscht 17 an 22 Grad gepackt. Elo den Owend setzt ëmmer méi Reen an, well eis e gréissert Reegebitt aus der Belsch & Frankräich erreecht. Dëst ass och de punktuell warnrelevante Reen, deen mir de Mëtte schonn an engem Artikel thematiséiert haten.

Muer um Dënschde starte mir erëm immens naass an den Dag eran, am fréie Moien ass och e lokaalt Donnerwieder net ausgeschloss. Am Laf vum Dag gi Maximaltemperature vun tëscht 17 an 21 Grad erreecht. E Mëttwoch geet et naass virun, e weidert Reegebitt zitt besonnesch bis an de Virmëtten eran duerch. Duerno gëtt et erëm a klenge Schrëtt manner naass, de Reen bleift awer net komplett aus. Op lokaler Basis si nach Schaueren dran, déi och mol en Donnerwieder kënne bréngen. Dës Donnerwieder kéinten dann och erëm e bësse méi kräfteg ausfalen. 18 bis 23 Grad stinn un iwwerdeems de Wand mat Stuerm aus Südweste bléist, 80 km/h sinn an de Spëtzte méiglech.

An der zweeter Wochenhallschent, um Donneschden, bleift et de ganzen Dag zimmlech wollekeg an et reent ëmmer erëm. 16 bis 19 Grad. E Freiden hu mir et mat Schaueren ze dinn, d’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 16 a 19 Grad. E Samsden an e Sonnden ass mat 14 bis 18 Grad ze rechnen, Sonn a Wolleke wiessle sech of iwwerdeems ëmmer erëm mol eng lokal Schauer kann dobäi sinn.