
Eng nei Wiederwoch ass ugebrach. Mol kucken, ob eis dann fläit dës Kéier wéinstens eng kleng Ännerung usteet.
Advertisement
D’Grousswiederlag
An dëser neier Wiederwoch wandert e Konstrukt aus mindestens engem Déifdrockgebitt vun de britteschen Inselen aus a Richtung Dänemark an zitt duerno iwwert de skandinavesche Raum of. An der zweeter Wochenhallschent kënnt eis aus Westen en Héichdrockgebitt méi no, wat sech mat sengem Kär am Raum Irland wäert positionéieren, iwwerdeems en Déif iwwert dem Alperaum läit (am Ufank och nach deels e Randdéif matten iwwer Mëtteleuropa).

Spannend gëtt, wéi wäit sech d’Héichdrockgebitt am Laf vun der Zäit a Richtung Oste ka beweegen, also op Mëtteleuropa duer. Geléngt et em, méi wäit virunzekommen, da géifen eis Warscheinlechkeeten op reegelméissege Reen op d’mannst fir de Weekend zréckgoen. Sollt et et net esouwäit packen, da géife mir genee un der Grenz tëscht Héich an Déif leie bleiwen, wat weiderhin (vill) Nidderschléi zur Konsequenz hätt.
De Verlaf
Haut um Méinde wiessle sech Sonn a Wolleken of, ier awer spéitstens vum Mëtten un d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Schaueren an d’Luucht geet. Et geet zwar wuel net grad iwwerall dofir duer, dass et naass gëtt, mee punktuell kann och en Dimmer net ausgeschloss ginn. Et ass mat engem Temperaturmaximum vun tëscht 15 a 19 Grad ze rechnen. Muer um Dënschde gëtt et am Laf vum Dag no a no méi wollekeg, de Reen hält sech laang an der Saach eraus, ier et dann awer spéitstens am Laf vum Owend op d’mannst plazeweis sollt naass ginn. 14 bis 18 Grad stinn un.
E Mëttwoch passéiert eis eng Kalfront, duerch déi et däitlech méi wollekeg wäert ginn. Wärend dem Passage reent et groussflächeg, lokal sinn och méi kräfteg Segmenter ze erwaarden. En Donnerwieder ass net ausgeschloss, d’Temperature packen et op 14 bis 17 Grad. Duerch dat selwecht Déif kann den Donneschden änlech ausfalen, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 14 an 18 Grad.
Duerno gëtt et méi kniffleg
Bis heihin ass en ongeféiert Muster kloer, mee duerno kënnt et ebe vill dorop un, wéi sech déi Situatioun mam Héichdrockgebitt wäert entwécklen. Dem amerikanesche Modell no kënnt et fir de Rescht vun der Woch ëmmer erëm zu Schaueren, iwwerdeems den europäesche Modell et besser mat eis mengt an undeit, dass de Gros vun de Schaueren esouguer knapp ëstlech vun eis kéint laanschtgoen. D’Temperature si meeschtens ënner 20 Grad ënnerwee.