De Wochenausbléck: Onbestänneg zweet Hallschent, Warsch. vu Flacken

Déi lescht Wiederwoch vum Joer geet un! Besonnesch déi zweet Hallschent soll méi variabel ginn, et besteet och eng kleng Warscheinlechkeet vu Schnéischaueren.

Advertisement

Advertisement

D’Grousswiederlag

Wéi mir et elo schonn zanter enger gudder Zäit thematiséieren, leie mir ëmmer nach ënnert enger Westwiederlag. Westwiederlagen bréngen awer och ëmmer erëm méi roueg Phase mat sech, ier et dann awer schonn erëm ëmschléit. Eng vun dëse méi “rouege Phasen” hu mir haaptsächlech an der éischter Hallschent vun der Woch.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag | Animatioun: wxcharts.com

An der zweeter Hallschent iwwerhëlt erëm e gréissert Déifdrockgebitt iwwert dem skandinavesche Raum eng gréisser Roll, déi mat méi Nidderschléi an och méi Wand a Verbindung steet.

De Verlaf

Haut um Méinde gëtt et am Laf vum Dag e bësse manner naass – och wann et méiglecherweis net komplett wäert dréche bleiwen. Virun allem an de Moiesstonnen hat et e bësse méi an och méi kräfteg gereent. D’Temperature leien de Moment tëscht 8 an 11 Grad, an der nächster Nuecht deet sech net vill drun. Tëscht 6 an 8 Grad ginn erwaart. Déi dréchenst Phas soll eis wärend dem spéideren Owend bis muer de Moien erwaarden.


E Mëttwoch erwaart eis mat Chance eng zwar wollekeg, mee zimmlech dréche Phas | Grafik: wxcharts.com

Muer um Dënschden ass de Reen erëm an der éischter Dageshallschent am aktivsten, duerno zéie nach vill Wolleken duerch. Aus momentaner Siicht gesinn ass et vum Nomëtten un net onméiglech, dass sech awer mol e puer sonneg Momenter dotëschtdrécken. Et bleift gréisstendeels dréchen, ier et a Richtung Nuecht erëm mat geréngfügege Nidderschléi lassgeet. D’Temperature packen et am Dag op tëscht 7 an 9 Grad. E Mëttwoch soll et zwar de ganzen Dag wollekeg sinn, mee mat Chance awer dréche bleiwen. Et deet sech net vill, tëscht 6 an 8 Grad ginn erreecht.

Déi zweet Wochenhallschent geet un: En Donneschde si vill Wolleken ënnerwee, am Laf vum Dag kommen och Schaueren dobäi. Trotzdeem si kuerz sonneg Momenter net ausgeschloss, d’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 7 an 10 Grad. De Freide soll ganz änlech verlafen, fläit esouguer e klengen Tick manner naass. Un den Temperaturen ännert näischt.


D’Berechnunge vum amerikaneschen esouwéi och europäesche Wiedermodell weisen eng kleng Schnéiwarscheinlechkeet fir de Weekend | Grafik: wxcharts.com

Fir de Weekend gëtt vun de Modeller de Moment en Déifdrockgebitt berechent, wat eis engersäits markante Wand an anerersäits och mol e bësse Schnéi kéint bréngen. D’Onsécherheete si nach zimmlech grouss, mee ween wees… fläit kréien d’Wanterfrënn jo nach e klengen Trouscht servéiert, ier d’Joer op en Enn geet. E Samsde klammen d’Temperaturen op tëscht 5 an 8 Grad, e Sonnde sollen et just nach 1 bis 4 Grad sinn.