De Wochenausbléck: Ongemittlech Aussiichten duerch vill Reen

Et gëlt vum Méinden ze profitéiere, well et vum Dënschden un däitlech méi ongemittlech gëtt. De Summer kënnt also (nach) net zréck!

Grousswiederlag

Vum Ufank vun der neier Woch u verlagert sech en Héichtendéif vu Frankräich hier eriwwer a Richtung Däitschland. Duerch dëst Héichtendéif wäert et an de kommenden Deeg däitlech méi ongemittlech ginn, dat duerch méi laang unhalende Reen, spierbare Wand an deels och mol engem Dimmer. Jee no Entwécklung géif och de Risk vun Iwwerschwemmungen an Héichwaasser klammen – mee elo mol der Rei no.

Mir starten de Méinde mat ville Wolleken an e puer sonnege Momenter an déi nei Woch eran, nëmme lokal an zäitweis kann et mol bësse naass ginn. D’Temperature packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 21 a 25 Grad – besonnesch laanscht Musel kraze mir also u summerlechen Temperaturen. Um Dënschden ass et dat awer schonn erëm gewiescht, 17 bis 19 Grad stinn un. Et ass staark bedeckt, de Reen mécht sech ëmmer méi iwwert eise Käpp breet. Dem amerikanesche GFS no soll et deen Dag bis zu 60 l/m² reene kënnen, den ECMWF rechent mat grad emol bis ëm 30 l/m². Dir mierkt, kleng Onsécherheete ginn et nach, mee et gëtt op alle Fall reenereg. Um Mëttwoch sollen dem GFS no nach eng Kéier bis zu 40 l/m² dobäikommen, den ECMWF ass mat deels iwwer 40 bis 50 l/m² dobäi. Sollten dës Berechnungen tatsächlech esou an de Kaarte stoe bleiwen, da géif dat eng gréisser Onwiederlag mat Iwwerschwemmungen a nofolgendem Héichwaasser bedeiten.


D’Reequantitéite bis den Donneschden inclus dem ECMWF no | Grafik: wxcharts.com

Neist Modellkaarten erginn och, dass am Laf vum Mëttwoch nieft dem ville Reen och e méi stiermesche Wand optriede kann. Esou rechent den ECMWF mat Spëtzte bis ëm 85 km/h, de GFS wier mat 65 km/h dobäi.

Eréischt an de nächste Stonne gëtt lues a lues kloer, ob mir et mat dëse grousse Reequantitéiten ze di kréien oder ob et esou just un eis laanschtgeet. Et kënnt nämlech sécher, just wees nach kee genee wou (op Mëtteleuropa bezunn -> haaptsächlech Däitschland, BeNeLux).

Och um Donneschde soll et nach viru reene kënnen, dat bei 18 bis 23 Grad. Vum Freiden u schéngt et den aktuelle Kaarte no méi dréchen ze ginn, dat bei engem Mix aus Sonn an e puer Wolleken. 18 bis 23 Grad géifen dobäi ustoen. Um Samsde wieren erëm méi Wolleken dobäi, et soll awer och dréche bleiwen. 19 bis 24 Grad ginn aus aktuellem Stand eraus berechent. De Sonnden ass dann e klenge Liichtbléck: d’Sonn soll sech besser duerchsetze kënnen, dat bei bis zu 28 Grad.