De Wochenausbléck: Op an Of vun den Temperaturen, dobäi zäitweis Schliet

Och an der neier Wiederwoch setzt sech keng stabil Wiederlag duerch: D’Temperature leien zwar méi héich, mee d’Schliet besichen eis och reegelméisseg.

Advertisement

D’Grousswiederlag

An dëser Wiederwoch leie mir ënnert enger westlecher bis südwestlecher Stréimung, déi eis een Déifdrockgebitt nom aneren op Mëtteleuropa schéckt.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Et kënnt dobäi zwar och zu Virstéiss vu waarme Loftmassen, mee dotëscht sinn och ëmmer erëm Schaueren an eenzel Donnerwieder ze erwaarden. Mat Chance kéint sech eréischt de Weekend en Héichdrockgebitt duerchsetzen.

De Verlaf

Haut um Méinden ass den Dag e gutt Stéck méi sonneg ugaange wéi vun de Modeller berechent, Stand 09:30 Auer. Dëst bleift elo och nach e puer Stonnen esou, ier eis aus Frankräich awer no a no méi Wolleken erreechen. Reen steet eis awer keen un, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 19° a 24°C. Den Dag vu muer verleeft vun de Wolleken hier änlech, am Laf vum Nomëtte kënnen awer duerch déi schmeierwaarm Loftmassen e puer Cumuluswolleken entstoen. D’Temperature packen et op 26 bis 31°C. Iwwer Frankräich forméiere sech Donnerwieder, déi um spéideren Owend an och an der Nuecht op Lëtzebuerg kënnen iwwergräifen. Nach sinn d’Intensitéiten an dësem Fall net ganz kloer, mee de Reen an och stramm Wandstéiss géifen am Fokus stoen. Mir kommen an engem aneren Artikel méi genee dorop ze schwätzen.

De Mëttwoch kënnt et am Virmëtte mol nach haaptsächlech zu e puer Nidderschléi, a Richtung Owend gëtt et ëmmer méi frëndlech a sonneg. Mat 21° bis 26°C ass et awer en Tick manner waarm. En Donneschde sollen eis Temperature mat 20° bis 25°C net all ze vill änneren, Sonn a Wolleke wiessle sech of – ganz vereenzelt ass eng Schauer net ausgeschloss. Um Owend besteet en Donnerwiederrisk. E Freide leie mir nach méi staark ënner Déifdrockafloss, et kënnen eng Villzuel u Schaueren optrieden, dorënner och Donnerwieder. D’Temperature packen et nach op 18° bis 22°C.

De Samsde kënnen an der éischter Hallschent mol nach schwaach Nidderschléi optrieden, duerno gëtt et awer viraussiichtlech ëmmer méi frëndlech bei 15° bis 20°C. De Sonnde wier et nach en Tick méi frëndlech, dat bei engem Sonn a Wollekemix. 20° bis 24° géifen aus momentaner Siicht gesinn optrieden.