De Wochenausbléck: Reen ëmmer nach eng Raritéit & nëmme kuerz manner waarm

Och wann et dës Woch ganz kuerz manner waarm gëtt, bleift de Summer trotzdeem zu Lëtzebuerg. Op Reen musse mir ëmmer nach waarden…

Advertisement

D’Grousswiederlag

Am Laf vun dëser Woch installéiert sech déiwe Loftdrock iwwert der Osthallschent vu Mëtteleuropa, doran ass de Nordoste vun Däitschland esouwéi och Polen & Tschechien mat abegraff. Zur selwechter Zäit forméiert sech vu Madeira hier bis ganz erop an de nordskandinavesche Raum eng Héichdrockzon, duerch déi et iwwert der Westhallschent vu Mëtteleuropa gréisstendeels dréchen an och summerlech waarm bleift.


De Verlaf vun der Loftmassentemperatur bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

D’Déifdrockgebitt iwwer Polen ass och de Grond, firwat et an der fréier zweeter Wochenhallschent kuerz e gudden Tick manner waarm gëtt wéi de Moment. De Summer verschwënnt awer net.

De Verlaf

Elo wou mir d’Grousswiederlag intus hunn, kucke mir eis déi eenzel Deeg un. Haut um Méinde wiessle sech d’Sonn an e puer Schleier- esouwéi Cumuluswolleken of, d’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 26 an 30 Grad – punktuell geet et och nach eng Kéier fir 31 Grad duer. Muer um Dënschde fänkt et un, e bësse manner waarm ze ginn. Bei 25 bis 28 Grad a vill Sonn ass et awer ëmmer nach schéi summerlech. E Mëttwoch stellt sech e Sonn-Wollekemix an, dat nach bei Maximaltemperature vun tëscht 23 a 26 Grad. Trotz de Wolleken ass kee Reen ze erwaarden.

An der zweeter Wochenhallschent erwaart eis de “keelsten” Dag – en Donneschde si Maximaltemperature vu “just” nach 22 bis 26 Grad dran, dat iwwerdeems sech Sonn a Wolleken ofwiesselen. E Freide bleift eis dëse Sonn-Wollekemix erhalen, dat bei engem Temperaturmaximum vun tëscht 24 an 28 Grad. E Samsde geet et schonn erëm op 26 bis 29 Grad erop, och eng 30 kann dann erëm net ausgeschloss ginn. Fir de Sonnden soll et mat 28 bis 32 Grad nach en Tick méi waarm ginn, iwwerdeems et lues awer sécher och méi schmeier gëtt.