Gréisstendeels rouegt Héichdrockwieder
Vun de britteschen Inselen hier breet sech dës Woch rem en Héichdrockgebitt iwwer Mëtteleuropa aus. Eis steet also meeschtens rouegt an och dréchent Fréisummerwieder befir. D’Temperature klamme, wéi scho betount, an de summerleche Beräich. Aktuelle Berechnunge no wäerte sech awer trotzdem gréisstendeels a Grenzen halen.
Mir starten d’Woch mat engem nach oft méi wollekegem Méinden. Trotz enger Partie Wolleken, déi och mol méi kompakt ausfale kënne, bleift et awer dréchen. Och sonneg Momenter si méiglech. D’Temperature leien an de Fréistonnen tëscht 11 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op 14 bis 17 Grad. Als Maximum sinn 18 bis 22 Grad ze erwaarden. An der Nuecht op den Dënschde kläert et gréisstendeels op, d’Temperature beweege sech op 11 bis 8 Grad zréck. Den Dënschde gëtt e scho méi sonnegen Dag an och d’Temperature klammen e Stéck méi wäit. Um Moie leie se bei 10 bis 12 Grad a packen et am Nomëtten op 21 bis 25 Grad. An der Nuecht op de Mëttwoch soll den Himmel weiderhi meeschtens kloer sinn.
De viraussiichtleche Wocheverlaf vun uewe gekuckt (ECMWF – wxcharts.com)
Wéi ass dat mat den 30 Grad?
De Mëttwoch huet d’Sonn weiderhin d’Iwwerhand, tëschenduerch zéien awer och e puer Wolleken duerch. An de Fréistonne leien d’Temperaturen tëscht 12 a 14 Grad an areechen am Nomëtten e Maximum vu summerlechen 22 bis 26 Grad. An der Nuecht op den Donneschde bleiwen eis des puer Wolleken erhalen, dat iwwerdeems d’Temperaturen op 14 bis 10 Grad zréckginn.
Am weidere Verlaf vun der zweeter Wochenhallschent beweegt sech den Zentrum vum héije Loftdrock weider an den Osten resp. Nordosten. Well mir eis zu deem Zäitpunkt op der Récksäit vum Héich befanne kann et sinn, dass doduerch méi waarm Loftmassen aus Afrika an eis Richtunge geblose ginn. Den Donneschde wiessle sech d’Sonn an e puer harmlos Wolleken of, dat bei Maximalwäerter vun 21 bis 25 Grad. De Freide verleeft änlech, dat bei 24 bis 27 Grad an och de Samsde gëtt mat 23 bis 27 Grad net vill aneschters.
Sollt sech déi Variant mat de méi waarme Loftmassen aus Afrika duerchsetzen, da kéinten eventuell bis knapp 30 Grad areecht ginn. Dëst ass awer nach net an dréchenen Dicher.