De Wochenausbléck: Richtung 20°C, Reen eréischt erëm fir de Weekend méiglech

An dëser neier Wiederwoch setzt sech fir eng Zäit erëm en Héichdrockgebitt duerch, wat an der spéiderer zweeter Hallschent vun engem Déif ka fortgedréckt ginn. Dat engt oder anert Dimmer wier dobäi och net ganz onméiglech.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Ier iergendeppes ëmschléit, erwaart eis an de nächsten Deeg mol nach richteg frëndlecht Wieder an och d’Temperature sinn um klammen. Dëst hu mir engem Déif ze verdanken, wat sech a Richtung Portugal verlagert, iwwerdeems iwwert dem Südoste vun eisem Kontinent héije Loftdrock läit.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Woch | Animatioun: wxcharts.com

D’Wäerter klammen doduerch op e fréijoersméissege Niveau. Vun en Donneschden u kënnt eis d’Déif en Tick méi no, et gëtt op d’mannst méi wollekeg. Vun e Freiden u si méi variabel Zenarie méiglech, duerch déi d’Temperaturen awer fir den Ufank nach weider klammen. Deemno wéi sinn erëm bis zu 20°C dobäi.

De Verlaf

Haut um Méinden zéie mol nach e puer Wollekefelder duerch, déi sech vum spéidere Nomëtten un awer verzéien. Ier se ënnergeet, ka sech d’Sonn nach weise kommen. Momentan leien d’Temperaturen tëscht 4 an 8 Grad – un eiser Statioun zu Baschelt sinn et 6,8°C, um Hareler Poteau 5,1°C. An der nächster Nuecht ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg, eenzel Niwwelfelder si méiglech. D’Temperature ginn an de Fraschtberäich zréck, bis ëm -4°C si méiglech. Muer um Dënschden an och e Mëttwoch verlagert sech d’Héichdrockgebitt weider a Richtung Südosteuropa, et gëtt richteg sonneg bei eis. Soubal sech de Niwwel opgeléist huet, klammen och eis Temperaturen op e Maximum vun 8 bis 12°C um Dënschden an 12 bis 15°C um Mëttwoch.

An da kënnt den Donneschden, un dem et schonn zu e puer vereenzelte Wolleke ka kommen. Vill soll sech nach net änneren, d’Temperature klammen awer virun. 14 bis 16 Grad sinn dran. E Freide ginn d^Wolleke méi kompakt, besonnesch a Richtung Owend kënnen eis méiglecherweis e puer Nidderschléi aus Frankräich erreechen. Un der Musel si bis zu 20°C net ausgeschloss. E Samschden hu mir änlech Viraussetzungen, et gëtt just manner waarm. Un den zwee Deeg besteet e minimale Risk vun eenzelnen Donnerwieder. Och um Sonnden gesäit et dono aus, wéi wann d’Déifdrockaktivitéit géif dominéieren.