De Wochenausbléck: Roueg Woch mat méigleche wanterlechen Tëschephasen

Den héije Loftdrock probéiert dei nei Woch sou gutt et geet fir sech ze beusprochen. Déifdrockausleefer hunn do awer och nach e Wiertche matzeschwätzen a kéinte phaseweis och méi wanterlech Zenarie bréngen.

Generell méi kill

Kuckt ee sech déi aktuell Modellrechnungen un, da soll déi nei Woch en Tick méi kal ginn wéi déi lescht. Eigentlech haten d’Modeller d’lescht Woch geplangt, dass dës Woch méi oder manner am Zeeche vun héijem Loftdrock stoe géif. An Tëschenzäit huet dat awer geännert: ëmmer erëm kënnen Déifdrockausleefer dotëschtfunken, déi op mannst kuerzzäiteg interessant Phase mat sech brénge kënnen.

Um Méinde starte mir änlech an den Dag eran, wéi och an de vergaangenen Deeg. Den Ënnerscheed: am Laf vum Dag gëtt et aus Nordweste no a no méi wollekeg, eng Front mécht sech op de Wee op Lëtzebuerg. Am Ufank starte mir awer nach mat engem meeschtens kloren Himmel an den Dag eran, eenzel Niwwelfelder sinn awer och méiglech. D’Temperature leie gréisstendeels tëscht knackeg kale -7 a -2 Grad a packen et am Nomëtten op 0 bis 3 Grad. Et gëtt, wéi gesot, lues awer sécher méi wollekeg. Um Owend an an der Nuecht op den Dënschden areecht eis aus Nordwesten eng Front, déi Nidderschléi a Form vu Reen, mee awer och Schnéireen, Glëtz a potenziell Schnéi mat séch brénge kann. Iwwerdeems d’Front eis passéiert, ass d’Warscheinlechkeet vun den éischte Flacke vun der Saison op den héchste Koppe vum Land am héchsten. Op soss Plaze musse mir eis méiglecherweis nach e bësse gedëllege bis och do d’Warscheinlechkeet vu Flacken an d’Luucht geet. Niewebäi besteet de Risk vu Glëtz, mee dat ass eréischt kuerz virum Antreffe vun der Front bësse besser anzeschätzen. A Richtung fréien Dënschdemoie gëtt et e bësse méi mëll, soudass d’Warscheinlechkeet vu wanterlechem Wieder erëm bëssen zréckgeet. Um Dënschde selwer ass et de ganzen Dag gro, ëmmer erëm kann et zu Schauere kommen. Et gi Maximaltemperature vu 4 bis 7 Grad areecht.


Dës Animatioun weist gutt, wéi Déifdrockausleefer ëmmer erëm agräife kënnen | Animatioun: wxcharts.com

Um Mëttwoch zéie vill Wolleken duerch, och Niwwelfelder kënnen do mol drënner sinn. D’Warscheinlechkeet vu sonnege Momenter ass e gutt Stéck manner héich wéi d’lescht Woch. Et sollt awer, trotz allem, net reenen. Et ass mat Maximaltemperature vun tëscht 3 a 7 Grad ze rechnen. Och um Donneschden erwaart eis viraussiichtlech en zimmlech groen an dréiwen Dag, dee vu Wolleken a Niwwel dominéiert gëtt. Bei Maximaltemperature vun tëscht 2 a 5 Grad kann et tëschenduerch och zu liichtem Fisemreen kommen. Um Freidemoie sinn e puer Nidderschléi méiglech, déi duerch Temperaturen, déi ëmt de Gefréierpunkt leien, als Schnéireen oder Schnéi erofkomme kéinten – haaptsächlech op de Koppen. All ze sécher ass dëst awer nach net. Am Nomëtte sollen d’Temperature viraussiichtlech op e Maximum vun 2 bis 6 Grad klammen. Um Samsde soll e vun Ufank un wollekeg sinn, am Laf vum Dag kéint aus Westen erëm neie Nidderschlag opkommen, deen als eppes anescht wéi Reen erofkomme kéint. Et si Maximaltemperature vun 2 bis 6 Grad ze erwaarden, ier d’Temperaturen erëm op ëmt oder méiglecherweis ënnert de Gefréierpunkt falen. Um Sonnde gëtt et méiglecherweis änlech, Reen, Schnéireen an eenzel Flacke si méiglech. D’Temperature klammen op e Maximum vun 2 bis 6 Grad.