De Wochenausbléck: Schaueraktivitéit hëlt duerch Héichdrockafloss of

An der neier Wiederwoch geet d'Schauerwarscheinlechkeet erëm fir eng Zäitchen zréck, iwwerdeems d'Temperature sech weiderhin am fréi-hierschtleche Beräich beweegen.

Bal den éischte Buedemfrascht

De Méindemoie si mir mat Temperature vun tëscht 3 a 7 Grad an den Dag eragestart. Un der Kachelmann-Wiederstatioun zu Béiwen ass et mat enger Buedemtemperatur vu just 0,4 Grad bal fir den éischte Buedemfrascht vun der Saison duergaangen. Op dat ganzt Land gekuckt packen et d’Temperaturen haut am Laf vum Dag nach op tëscht 12 an 18 Grad, Sonn an deels méi déck Wolleke wiessle sech of. D’Schauerwarscheinlechkeet ass nëmme kleng.

De weidere Verlaf

Muer um Dënschde starte mir erëm richteg kill an den Dag eran, ier am Laf vum Dag erëm e Maximum vun tëscht 12 a 16 Grad erreecht gëtt. Sonn a Wolleke wiessle sech of, bei enger klenger Schauerwarscheinlechkeet sollt et trotzdeem dréche bleiwen. Vum Mëttwoch u grätscht en Héichdrockgebitt aus Westen eran, wouduerch et en Tick méi sonneg/manner wollekeg wäert ginn. Déi minimal Schauerwarscheinlechkeet geet dobäi och zréck. D’Temperature sinn dagsiwwer bei 13 bis 17 Grad ënnerwee. Um fréien Donneschdemoien ass et aus aktueller Siicht net ausgeschloss, dass d’Temperaturen an den Däller op 1 Grad zréckginn. Buedemfrascht ass méiglech.


Den Héichdrockafloss hëlt am Laf vun der Woch zou | Animatioun: wxcharts.com

Den Donneschde selwer gi Maximaltemperature vun tëscht 16 a 19 Grad erreecht, et zéie just e puer Wolleken duerch. E Freiden ass et mat 17 bis 21 Grad nach e Stéckche méi waarm, et gëtt awer ëmmer méi wollekeg.

Sneak Peek op de Weekend

Aus aktueller Siicht gesi klëmmt de Weekend den Déifdrockafloss erëm e bëssen, et besteet also och erëm eng kleng Schauerwarscheinlechkeet. D’Sonn sollt awer net ganz verschwannen, iwwerdeems d’Temperaturen dagsiwwer tëscht 15 an 21 Grad ënnerwee sinn.