De Wochenausbléck: Schaueren an zweeter Wochenhallschent méi warscheinlech

Zwar hu mir et elo schonn zäitweis mat eenzelne Schaueren ze dinn, d’Warscheinlechkeet klëmmt an der zweeter Wochenhallschent awer weider. Et gëtt och kuerz liicht méi waarm.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Fir d’Joreszäit ënnerduerchschnëttlech Loftmasse leien de Moment iwwert eise Käpp, wat dorop zréckzeféieren ass, dass mir ënnert enger killer nordwestlecher Stréimung leien. Duerch liichten Héichdrockafloss aus südleche Richtungen gëtt d’Schaueraktivitéit awer e bëssen zréckgehalen, och wann zäitweis awer e puer eenzel Schliet drënner sinn.


Déi aktuell, fir d’Joreszäit ënnerduerchschnëttlech Wiederlag | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

An der zweeter Wochenhallschent soll awer méi markanten Déifdrockafloss op Mëtteleuropa erabriechen, wat dann och tendenziell méi Schaueren ze bedeiten huet. D’Temperaturen hale sech doduerch awer och ëmmer nach a Grenzen.

De Verlaf

Haut um Dënschden hu mir et mat engem Mix aus Sonn, méi décke Wolleken an och eenzelne Schaueren ze dinn. D’Temperature leien aktuell (Stand 11.06.2024 – 15:21 Auer) tëscht 12 an 18 Grad a wäerten et och net méi vill méi héich packen. Aus westleche Richtungen zéien e puer vereenzelt Schaueren op, wéi virausgesot.

Muer um Mëttwoch soll et änlech ginn, dat bei engem Mix aus Sonn a Wolleken. Lokal ka mol nach eng Schauer drënner sinn, d’Warscheinlechkeet ass awer manner grouss wéi haut. D’Temperature klammen op tëscht 13 a 17 Grad, en Donneschde si 15 bis 19 Grad dran. An der éischter Dageshallschent weist sech d’Sonn mol nach am beschten, duerno gëtt et erëm méi wollekeg. Vum Freiden un hëlt den Déifdrockafloss zou, d’Wolleke si méi déck. Lues a lues hëlt d’Schaueraktivitéit zou, méi verbreet soll et awer an der Nuecht op e Samsden de Fall sinn. E méi kräftegt Reegebitt ass och net komplett aus de Kaarten – dohier gëtt d’Situatioun mol am Aen gehalen. Tëscht 16 an 21 Grad si fir de Freide selwer dran.

Um Samsden an och um Sonnde selwer wieren aus momentaner Siicht gesi mol nach eenzel Schaueren dran, d’Sonn géif sech awer och tëschenduerch weisen. Tëscht 14 an 18 Grad si fir déi zwee Deeg am warscheinlechsten, mee et ass nach Spillraum.