
Dës Woch dominéiert den Héichdrockafloss a bréngt eis déi bis ewell héchst Temperature vum Joer.
Advertisement
D’Grousswiederlag
En immens grousst Héichdrockgebitt läit momentan iwwert eisem Kontinent. De Kär dovun erstreckt sech vun der Nordséi aus iwwer Däitschland, Polen, Tschechien bis esouguer deelweis an de Beräich vum schwaarze Mier.

Am Laf vun der Woch streckt et sech esouguer weider an de Mëttelmierraum aus a suergt immens groussflächeg fir frëndlecht a summerlecht Wieder – woubäi et awer och e puer Ausname ginn.
De Verlaf
D’Temperature stinn dës Woch am Fokus: Fir haut um Méinde waren 20 bis 23 Grad virausgesot – doduerch, dass dës Wäerter elo schonn bal erreecht ginn, ass dovun auszegoen, dass se nach bis kuerz no 17 Auer punktuell kënnen iwwerschratt ginn. Fir muer um Dënschde stinn tëscht 21 a 24 Grad um Programm, lokal ëm 25 Grad wiere net verwonnerlech. Domat wier den éischte meteorologesche Summerdag méiglech. Wann et en Dënschde net dofir duergeet, dann awer e Mëttwoch: De momentane Berechnunge no hu mir tëscht 22 a 26 Grad ze erwaarden.

De Peak vun de Loftmasse gëtt fir en Donneschde berechent: Den däitsche Modell ICON-EU rechent mat Héchsttemperature vun tëscht 24 a 27 Grad. Confirméiert sech dëst, dann hätte mir et méi wéi eendeiteg mat richtegem Summerwieder ze dinn, an dat och nach genee um Feierdag. Vun e Freiden u gëtt den Temperaturverlaf e bësse méi onsécher, stand elo sollte mir et awer nach op tëscht 21 a 25 Grad packen. E Samschde wiere mir mat 20 bis 24 Grad dobäi an e Sonnde wieren et nach 16 bis 22 Grad – esou déi momentan Modeller (Momentopnam). Just ganz vereenzelt gëtt simuléiert, dass et mat de Summerwäerter riicht virugoe soll.
Sonn a Schleierwolleken
Wärend dem Gros vun dëser Woch hu mir et mat engem Mix aus Sonn a Schleierwolleken ze dinn. Heiansdo kënnen dës och mol méi kompakt ginn, bis en Donneschde bleift et awer gréisstendeels dréchen. Vum Donneschde selwer/Freiden u ginn et eenzel héichopléisend Modeller déi et net wëllen ausschléissen, dass et iergendwou an der Groussregioun mol zu enger lokaler Schauer kënnt. Zumools fir de Samschden an e Sonnden deit den amerikanesche Modell GFS ëmer erëm Stéierungen un, op déi een elo awer nach net all ze vill kann agoen. Den Trend ass nach ze onsécher.