De Wochenausbléck: Sonneg Momenter solle vum Mëttwoch u bësse méi warscheinlech ginn

Déi nei Woch weist sech virun allem am Ufank vu senger groer Säit. Mat Chance kann et vun der zweeter Wochenhallschent un awer méi oft kuerz sonneg Ofschnëtter ginn.

Net vill Reen

Dat wat dës Woch erëm am meeschten opfält ass, dass mir et erëm mat net all ze ville Nidderschléi ze di kréien. Dat zweet: et bleift nawell kill bei eis. An de Nuechte geet et ëmmer erëm op ënnert de Gefréierpunkt zréck. Eng Ännerung schéngt awer schonn a Siicht ze sinn, mee dozou eng aner Kéier méi. Mir kucken elo op de viraussiichtleche Verlaf vun der neier Wiederwoch.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Woch vun uewe gekuckt | Animatioun: wxcharts.com

De Méinde starte mir mat ville Wolleken an den Dag eran, dobäi kann et zu liichte Nidderschléi kommen. Eis Temperature leien tëscht 0 a 4 Grad, dowéinst kënnen des Nidderschléi, wa se dann optrieden, och mol als eppes anescht erofkomme wéi nëmme Reen. Schnéireen ass lokal méiglech, op den allerhéchste Koppen och mol eng Flack. Am Virmëtte klammen d’Temperature net wäit, am Nomëtten ass e Maximum vun 1 bis 4 Grad ze erwaarden. Et bleift gréisstendeels gro, d’Sonn huet net déi bescht Chancen. Um Dënschden erwaart eis en ähnlechen Dag, et ass meeschtens gro. Just mat ganz vill Chance kéint sech d’Sonn mol kuerz weisen, mee dat ass éischter onwarscheinlech. D’Temperature packen et op e Maximum vun 1 bis 3 Grad, de Wand ass nëmme schwaach aus Ost-Nordosten ënnerwee. An der Nuecht op de Mëttwoch kann et op 1 bis -3 Grad ofkillen, glat Stroosse si méiglech. Och um Mëttwoch bleift et gréisstendeels dréchen, e puer sonneg Momenter kënnen am fréie Mëtte net ausgeschloss ginn. Et ass mat Dageshéchsttemperature vu -1 bis 2 Grad ze rechnen.

Mat Chance méi oft sonneg

Den Donneschde starte mir mat Niwwelfelder an eenzelne Wolleken an den Dag eran, d’Temperature leien tëscht -1 an 1 Grad a klammen am Laf vum Nomëtten op e Maximum vu 0 bis 3 Grad. D’Wolleke gi manner déck an d’Sonn soll sech méi oft weise kommen. Um Freide soll et dann mat Chance nach e Stéck méi frëndlech ginn, wann de Niwwel sech séier genuch opgeléist kritt ass mat enger ganzer Rëtsch sonnege Momenter ze rechnen. 1 bis 4 Grad stinn um Programm. Um Samsde soll et schonn erëm méi gro ginn, dobäi soll et dann erëm méi groussflächeg kënne reenen. 4 bis 7 Grad. De Sonnde kéint aus aktueller Siicht gesinn en zimmlech niwwlegen Dag gi bei Maximaltemperature vu 4 bis 7 Grad.