De Wochenausbléck: Spéiderhi méi waarm, bis dohi weider Abrëllswieder

De Moment hu mir et jo mat enger méi kaler Phas ze dinn, där awer wuel Enn der Woch erëm mat méi mëllen Temperature gekontert gëtt. Bis dohi bleift d’Abrëllswieder awer nach un der Dagesuerdnung.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Héije Loftdrock iwwert der Westhallschent vum Kontinent an déiwe Loftdrock iwwert eise Käpp bis hin zu ëstlech vun eis suerge weiderhin dofir, dass ënnerduerchschnëttlech Loftmassen aus dem héije Norden ugezapt ginn. Well dës och nach fiicht sinn, bréngen se eis ëmmer nach Nidderschléi. Dës kommen a Form vu lokaalem Schnéifall, Graupel (klenge Knëppelsteng) a Reen erof. D’Deeg wäerten awer ëmmer nach net an d’Waasser falen, well sech d’Sonn tëschenduerch ëmmer erëm weise kënnt.


D’Ännerung vun de Loftmassen am Laf vun der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Fir de Schluss vun der Woch, esou vum +/- Freiden un, deiten d’Modeller erëm déiwe Loftdrock iwwert dem Südweste vum Kontinent un. Dëst géif eis Stréimung ëmkéieren, wat bedeit, dass net méi kill Loftmassen aus dem Norden ugezapt ginn, mee méi waarm Loft aus dem Süden. Et géif also en erëm méi waarme Weekend bedeiten, oder spéitstens e méi waarme Wochestart an enger Woch.

Mee elo mol der Rei no

Haut um Méinde si mir mat Sonn, e bësse Niwwel, mee virun allem awer mat immens nidderegen Temperaturen an den Dag eragestart. D’Wäerter louche bei tëscht -5,2°C a knapp 0°C. Elo am Laf vum Virmëtte kommen erëm e puer Wolleken an d’Spill, déi a Richtung Mëtten d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Schaueren an d’Luucht drécken. Am Nomëtte gëtt en Temperaturmaximum vun tëscht 6 a 9°C erwaart, eenzel Schaueren zéien duerch. Virun allem op de Koppe kann dat erëm a Form vu lokaalem Schnéifall de Fall sinn. An der Nuecht kläert et erëm op, änlech Wäerter wéi an der vergaangener Nuecht si méiglech.

Muer um Dënschde gëtt et wuel en Tick méi frëndlech, de ganzen Dag laang sollt et gréisstendeels dréche bleiwen. Sonn a Wolleke wiessle sech of, dat bei 6 bis 11°C. E Mëttwoch ass erëm en Déif um Wierk, wat eis groussflächeg Schauere bréngt – erëm am Stil vu richtegem Abrëllswieder. Den Thermometer ass am Dag op tëscht 6 a 9°C beschränkt. En Donneschden hu mir et mat änlechem Wieder ze dinn, dobäi wier et mat 7 bis 11°C erëm e bësse méi waarm.

Aus aktueller Siicht gesinn wier et fir de Freide meeschtens dréchen, Schauere wiere just nach eenzel Ausnamen – dat bei 8 bis 13°C. Fir e Samsden an de Sonnden ginn et an de Modeller nach e puer Ënnerscheeder, mee et gesäit mol no engem Mix aus Sonn a Wolleken aus. Zäitweis wieren dotëscht Sdchauere net ausgeschloss. Den europäesche Modell gesäit fir e Samsden 15 bis 18°C, fir e Sonnden 15 bis 17°C. Den amerikanesche Modell ass a béide Fäll tëscht 1 an 2°C méi niddereg ënnerwee.