De Wochenausbléck: Staarkt Héichdrockgebitt bréngt fréijoersméissegt Wieder

No der klenger Stéierung mat e puer Schaueren um Sonnde baut sech elo e méi intensivt Héichdrockgebitt iwwert eise Käpp op.

Grousswiederlag

E groussen Héichdrockblock mécht sech iwwert eisem Kontinent breet, wat eis dat rouegt Wieder zréck op Lëtzebuerg bréngt. An der Héicht hu mir et weiderhi mat enger südlecher Stréimung ze dinn, wouduerch et ëmmer nach zu gerénge Konzentratiounen u Saharastëbs gëtt. Den Effekt op eist Wieder wäert awer net méi esou markant sinn wéi an der leschter Woch.

De Reen gëtt och erëm e méi raren Artikel, dat méiglecherweis bis de Sonnden inclus.


D’Grousswiederlag bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Um Méinde si mir mat e puer Wolleke gestart, et huet sech ëm Iwwerreschter vum klengen Déif vu gëschter gehandelt. Am Laf vum Dag koum dunn d’Sonn wéi geplangt eraus, d’Temperaturen hunn et op e Maximum vun 18 Grad gepackt. Muer um Dënschde kritt sech d’Sonn nach besser duerchgesat, 16 bis 18 Grad stinn un. Och de Mëttwoch bleift e richteg frëndlechen Dag, mat eisen Temperature geet et weider an d’Luucht – 16 bis 19 Grad si méiglech. Mat Chance kann et ronderëm d’Musel, am Raum Ettelbréck oder och ronderëm d’Haptstad och mol punktuell fir 20 Grad duergoen. D’Sonn ass meeschtens um RDV, et zéie just e puer dënn an harmlos Wolleken duerch.

An der zweeter Wochenhallschent steet keng gréisser Ännerung un, d’Sonn ass do a gëtt weiderhi just vun e puer klengen an harmlose Wolleke begleet. D’Temperature beweege sech am Dag tëscht 14 a 19 Grad. An de Nuechte sinn d’Wäerter bei tëscht 3 a 5 Grad ënnerwee, nëmme lokal kann et mol fir nach méi nidderëg Wäerter vun ëm 1 Grad duergoen.

Dir mierkt: duerch dat stabillt Héichdrockwieder ënnerscheede sech déi nächst Deeg ni grouss vuneneen. Et heescht dat schéint Wieder ze genéissen!