De Wochenausbléck: Summerfrënn sollen d’Wieder genéissen, Changement a Siicht

Eng weider summerlech bis héichsummerlech Woch steet un, mee all ze laang soll et net méi esou bleiwen. A Richtung Weekend rechnen d’Modeller mat engem markanten Ëmschwong.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Gréisstendeels héije Loftdrock iwwert dem zentralen Europa esouwéi och dem Mëttelmier suergt dofir, dass och an dëser Woch nach ëmmer summerlech bis héichsummerlech Loftmassen op Lëtzebuerg geschéckt ginn. Ënnerstëtzt gëtt dat alles duerch en Déifdrockgebitt, wat am Laf vun der Woch vum Atlantik hier iwwert déi brittesch Inselen a Richtung Skandinavien zitt. Et gëtt doduerch net nëmme waarm, mee et bleift och gutt Fiichtegkeet an der Loft – et bleift also och schmeier.


De Verlaf vun de Loftmassen bis e Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Bis e Mëttwoch ännert net all ze vill. Mir hunn et all Dag mat engem Mix aus Sonn an e puer eenzelne Wolleken ze dinn, iwwerdeems et awer dréche bleift. D’Temperature packen et haut um Méinden op 26 bis 30 Grad, muer um Dënschde si mir mat 24 bis 29 Grad dobäi an e Mëttwoch ass mat 25 bis 30 Grad ze rechnen. Un allen Deeg besteet virun allem laanscht d’Musel d’Warscheinlechkeet, dass et esouguer nach liicht méi waarm ka ginn. Dir mierkt: Déi éischt Wochenhallschent ass séier resuméiert.

An der zweeter Wochenhallschent gëtt et méi interessant, dat duerch d’Déifdrockgebitt, wat mir virdrun ugeschwat haten. Vum Donneschden un kënnt eis d’Front dovun aus westleche Richtungen ëmmer méi no an dréckt esou bis an de Weekend eran déi summerlech bis héichsummerlech Loftmassen aus eisem Land eraus. Dëse Prozess wäert net ouni Kaméidi iwwer d’Bühn goen, soudass een och de Risk vun deels méi zolitten Donnerwieder muss arechnen. En Donneschden hätte mir aus aktueller Siicht gesinn en immens schmeieren Dag ze erwaarden, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 26 an 30 Grad. Et sollt mol nach dréche bleiwen, ier den Donnerwiederrisk vum Nomëtten u klëmmt an bis an d’Nuecht eran bleift. Och am Laf vum Freide rechnen d’Modeller bei eis mat engem Donnerwiederrisk, d’Temperature klammen op 25 bis 30 Grad. E Samsden an e Sonnden gëtt et tendenziell manner naass, mee mat just nach ëm 20 Grad als Maximum wier et gutt 10 Grad manner waarm.

En Update a Saachen Donnerwieder kënnt nach a Form vun engem separaten Artikel.