De Wochenausbléck: Summerlech bis héichsummerlech, mee Wiederrisk

Trotz den ustoende méi héijen Temperaturen bleift eist Wiedergeschéien am grousse Ganzen awer variabel.


Bis de Mëttwoch summerlech bis héichsummerlech Temperaturen

Um Méinden areechen eis lues a lues méi waarm Loftmassen aus Spuenien an drécken eis Temperature no enger Zäitche rem am ganze Land an de summerleche Beräich. An de nächsten dräi Deeg ginn also mat enger grousser Sëcherheet Wäerter vu 25 Grad an driwwer areecht. Um Dënschden resp. Mëtt der Woch gëtt de Maximum vum Waarmloftzoufloss areecht, wou et kuerzzäiteg héichsummerlech ka ginn. Schon um Donnëschde ginn déi waarm Loftmasse no Osten verdrängt, wouduerch et duerch d’Wahrscheinlechkeet vu Schaueren an Donnerwiedere variabel bleift bzw. gëtt.

De Méinde starte mir mat Sonn an e puer harmlose Wollécken an déi nei Woch eran. An de Moiesstonnen ass et mat 12 bis 17 Grad schon zimmlech mëll, am Nomëtte gi 24 bis 28 Grad areecht. Sonn a Wollécke wiessle sech of an et bleift drëchen. An der Nuecht op den Dënschden erwaart eis e kloren Himmel bei 8 bis 16 Grad, virun allem an den Däller kann et mol zu Niwwelfelder kommen.

Den Dënschden ass mat Temperature vum summerleche bis an den héichsummerleche Beräich eran ze rechnen. 26 bis 31 Grad kënnen am Nomëtten areecht ginn, dobäi ass mat ville sonnëge Momenter mee awer och enger Partie Cumuluswollécken ze rechnen. Et besteet e klenge Risk vu Schaueren an Donnerwieder, woubäi et awer just ganz lokal mol naass kéint ginn. Allermeeschtens sollt et um Dënschden also nach drëche bleiwen. Um Mëttwoch ass d’Wahrscheinlechkeet vun enger isoléierter Schauer oder engem Donnerwieder schon e Stéckche méi héich, mee awer och net extrem héich. D’Temperature klammen op 25 bis 28 Grad, dat bei engem spierbare Wand aus Südwesten. Meeschtens weist sech d’Sonn, mee dir wësst: Lokal begrenzt ass en Dimmer net onméiglech.

Den Iwwerbléck vun uewen (ICON / wxcharts.com)

Duerno rem kuerz méi kill

Den Op an Of geet virun: Ab dem Donneschde ginn d’Temperature rem e Stéck zréck, kaal gëtt et awer net. Um Donneschde selwer gi nach 20 bis 26 Grad areecht, bis de Sonnde pendle sech d’Wäerter awer tësche 19 an 23 Grad am Dag an. Aktuelle Berechnunge no (Stand 17.06.2019 01:21 Auer) soll eis um Sonnde schon de nächste Virstouss vu waarme Loftmassen areechen, wou et nachemol zu héichsummerlechen Temperature komme kann. Iwwert déi ganz Zäit gesinn wiessle sech Sonn a Wollécken of, nëmmen zäitweis ass mat enger Schauer oder engem Dimmer ze rechnen.