De Wochenausbléck: Summerlech Temperaturen, zäitweis Schaueren & Donnerwieder

Déi nei Wiederwoch weist sech vun hirer variabler Säit. Et ass e Mix aus frëndleche Momenter, mee awer och mol Schaueren a lokalen Donnerwieder. Kal ass et dobäi awer net, d’Temperature beweege sech am summerleche Beräich.

Advertisement

D’Grousswiederlag

D’Woch besteet gréisstendeels aus héijem Loftdrock iwwer Osteuropa, iwwerdeems déiwe Loftdrock den Atlantik dominéiert. Den an der leschter Woch ugeschwate Beräich, an dem ënnerschiddlech Loftmassen openeentreffen, gëtt et tatsächlech. En zitt sech nach bis bal de Weekend vum südwestleche Frankräich bis an de Nordoste vun Däitschland. Do dotëscht kann et bis dohin also ëmmer erëm mol zu Schaueren an Donnerwieder kommen, an heiansdo ass eben och Lëtzebuerg mat dobäi. D’Temperature beweege sech iwwerdeems am summerleche Beräich an et ass schmeier.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Woch bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

E Méinde si mir mat ville Wolleken, Schaueren an Donnerwieder an déi nei Woch eragestart. Am Laf vum Dag kann et ëmmer nach zu eenzelne Schaueren an Donnerwieder kommen, niewebäi sinn awer och sonneg Momenter dobäi. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 24 a 27 Grad ze erwaarden, et ass immens schmeier. Virun allem fir de spéideren Owend/Nuecht op den Dënschde rechne verschidde Modeller mat enger erhéichter Warscheinlechkeet vu warnrelevanten Donnerwieder an der Groussregioun.

En Dënschde kann et zu eenzelne schwaache Schauere kommen, mee am grousse Ganzen ass et méi frëndlech wéi e Méinden. D’Temperature klammen op tëscht 24 a 27 Grad. E Mëttwoch geet et erëm mat engem klengen Donnerwiederrisk virun iwwerdeems sech Sonn a Wolleken ofwiesselen. 23 bis 26 Grad ginn erreecht. Den Donneschde markéiert och nach en Dag, un dem et zu lokale Schliet kéint kommen. bei 22 bis 25 Grad kann een awer ëmmer nach net soen, dass et kal wier – och wa mir eis domat am nidderege summerleche Beräich beweegen.

E Freide sollt d’Donnerwiederaktivitéit de Berechnunge vum GFS an ECMWF no westlech un eis laanschtgoen, iwwerdeems mir et mat engem schmeiere Mix aus Sonn a Wolleken ze di kréien. 26 bis 30 Grad wieren ze erwaarden, d’selwecht wéi och fir e Samsden. D’Sonn kënnt sech weisen, et si just e puer wéineg Wolleken ënnerwee. E Sonnden geet et änlech virun, dat bei Maximaltemperature vu nach eng Kéier tëscht 27 an 30 Grad.