Alles an allem erwaart eis eng summerlech Woch – just zäitweis si Schaueren oder fläit och dat engt oder anert Donnerwieder en Thema.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Haut um Méinden erstreckt sech héije Loftdrock iwwert de Gros vu West- a Mëtteleuropa. Muer um Dënschden dréckt vum Atlantik hier schonn erëm Déifdrockafloss eran, deen dagsiwwer awer nach net esou wierklech bei eis wierksam gëtt. Änneren deet sech dat an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op e Mëttwoch resp. der éischter Hallschent vum Mëttwoch selwer. Vum Donneschde bis Enn der Woch probéiert sech dann schonn erëm héije Loftdrock iwwert eis breetzemaachen, wat awer net méi esou reiwungslos wäert funktionéieren. Dohier ass et noleiend ze soen, dass haaptsächlech déi zweet Wochenhallschent méi ufälleg ass fir eenzel Nidderschléi wéi déi éischt.
Vun den Temperaturen hier gesinn d’Modeller weiderhin e markante Wiermt-Bierg kommen, deen sech aus Spuenien an eis Richtunge hin wäert ausbreeden.
De Verlaf
Haut um Méinde krut sech d’Sonn séier duerchgesat, wat sech haut och net méi wäert änneren. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 23 a 27 Grad, et bleift dréchen. Muer um Dënschde kommen am Laf vum Dag e puer Schleierwolleken dobäi, et wäert awer weiderhin dréche bleiwen. Mat 25 bis 30 Grad gëtt et nach en Tick méi waarm, mir krazen esouguer erëm un engem Héichsummerdag. An der zweeter Hallschent vun der Nuecht op e Mëttwoch kënnt aus Westen eng schwaach Front mat Reen eragezunn, deen de meeschte Modeller no awer liicht bis héchstens méisseg soll verlafen. D’Warscheinlechkeet vu Schaueren zitt sech nach bis an de fréie Nomëtten eran, duerno dréckt schonn erëm héije Loftdrock op Lëtzebuerg eran. D’Temperature beweege sech tëscht 20 a 25 Grad.
En Donneschden an e Freide wiessele sech Sonn a Wolleken of, punktuell Schauere sinn d’Ausnam. D’Temperature packen et op 21 bis 25 Grad um Donneschden, e Freide wiere mir schonn erëm bei 24 bis 28 Grad. De Samsde gesäit laut dem amerikaneschen an och dem europäesche Modell no engem richteg sonnegen Dag aus, iwwerdeems d’Temperaturen op bis zu 29 Grad klammen. En änlechen Dag, just mat engem liicht erhéichte Risk vun eenzelnen Donnerwieder, hätte mir e Sonnden – d’Temperature wiere bei iwwer 30 Grad ënnerwee.
Dat kléngt net esou schlecht, an awer sollt een awer spéitstens vun do un och den Donnerwiederrisk méi genee am Aen halen.