De Wochenausbléck: Temperature fueren Achterbunn, dobäi zäitweis naass a lefteg

Eng zimmlech variabel Woch steet un. Mol waarm, mol kal, mol lefteg a mol zimmlech reenereg – an da kënnt d’Sonn erëm! Bal wéi Abrëll, ebe just am September.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Dëse variable Charakter hu mir déiwem Loftdrock ze verdanken, deen vum Atlantik hier erandréckt. Iwwerdeems probéiert sech awer och ëmmer erëm Héichdrockafloss dotëschtzedrécken, wat de Grond fir ë.A. d’Temperatur-Achterbunn ass. Aus aktueller Siicht gesinn kéint fir de nächste Weekend erëm méi stabilen Héichdrockafloss iwwerhuelen.


De Verlaf vun de Loftmasse bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Den Dag vu gëschter, de Méinden, ass schonn zimmlech variabel Verlaf. No den Donnerwieder, déi an der Nuecht op e Méinden opgetruede waren, war et um Méinde selwer nëmme kuerz méi roueg. Vum spéidere Nomëtten/Owend un koumen aus Westen déi nächst Donnerwieder an d’Land eragezunn, déi virun allem fir Staarkreen gesuergt haten. Haut um Dënschden erwaart eis awer e méi dréchenen Ofschnëtt iwwerdeems sech d’Sonn mat e puer méi kompakte Wolleken ofwiesselt. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 16 an 20 Grad.

Och muer um Mëttwoch bleift et nach gréisstendeels dréchen, et gëtt en änlechen Dag wéi haut. D’Temperature packen et op 20 bis 24 Grad iwwerdeems sech Sonn an deels méi déck Wolleken ofwiesselen. De Wand gëtt awer en Thema, dat bei Vitesse bis 55 km/h. En Donneschde gëtt, wat dat betrëfft, nach e méi interessanten Dag: Eng Front zitt duerch, bei där stiermesch Wandstéiss bis 65 km/h kënnen optrieden. Dobäi ass et zimmlech gro an et muss mat méi laang unhalenden an deels och kräftege Nidderschléi gerechent ginn. Den Dag fällt also méi oder manner an d’Waasser. D’Temperature leien tëscht 18 a 23 Grad.

Fir e Freide si nach e puer Nidderschléi an de Modellkaarten ze fannen, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 14 an 18 Grad. Et gëtt also e gudden Tick manner waarm, wat een och vum Samsde ka behaapten. 14 bis 17 Grad stinn un, dobäi sollt et awer bis op e puer Ausname meeschtens dréche bleiwen. D’Sonn weist sech och dotëscht. E Sonnde geet et op Maximaltemperature vun tëscht 16 a 19 Grad erop, et soll däitlech méi sonneg ginn.