De Wochenausbléck: Temperatur-Achterbunn geet an déi nächst Ronn

Mir schéngen déi momentan Grousswiederlag net esou wierklech lasszeginn. Eng weider Woch mat Temperaturschwankungen an engem Wiessel aus Sonn, méi décke Wolleken mee och ëmmer erëm Schauere steet un.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Haut a muer leie mir nach ënner Déifdrockafloss, ier sech dann fir e Mëttwoch an den Donneschden héije Loftdrock dotëschtdréckt. E Freiden zitt erëm e klengt Déif duerch, vun dem dann e Samsden an e Sonnde net méi all ze vill sollt ze gesi sinn.


De Verlaf vun der Woch bis e Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

Elo an der éischter Wochenhallschent geroden duerch d’Verdeelung vun den Drockgebitter erëm méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg, wat an der zweeter Wochenhallschent awer och erëm ännert. Et gëtt no hannen eraus méi mëll, wat nach eng Kéier ënnersträicht, wéi staark d’Temperature weiderhin am schwanke sinn.

De Verlaf

Haut zéien eng ganz Partie Schaueren duerch, dat bis an de fréien Owend eran. Meeschtens ass et einfach normale Reen, just ganz vereenzelt ass mol e kuerzt Dimmer net ausgeschloss. D’Temperature beweege sech op e Maximum vun tëscht 9 an 13 Grad. Muer um Dënschde wiessle sech Sonn a Wolleken of, héchstens bis an de fréie Virmëtten era kann et mol nach plazeweis duerch bësse Reen naass ginn. Am Laf vum Dag ass mat Maximaltemperature vun tëscht 7 an 11 Grad ze rechnen. Sonn a Wolleke wiessle sech of. An der Nuecht op de Mëttwoch maache sech dann déi méi kill Loftmasse bemierkbar, eis Wäerter ginn op tëscht -1 an 1 Grad zréck. E Mëttwoch ginn dagsiwwer erëm 8 bis 12 Grad erreecht, Sonn an deels méi déck Wolleke wiessle sech of iwwerdeems et sollt dréche bleiwen.

An der zweeter Wochenhallschent bleift et en Donneschden aus aktueller Siicht gesinn mol nach meeschtens dréchen, nodeems mir an de Moiesstonne mat -1 bis 1 Grad an den Dag eragestart sinn. Sonn a Wolleke wiessle sech of. D’Temperature klammen op 10 bis 14 Grad. An der Nuecht op de Freide kënnt aus Westen en Déifdrockgebitt eragezunn, wat flächendeckende Reen bréngt. Vum fréie Freidenomëtten u soll sech de Reen eriwwer an Däitschland verzéien, soudass et bei eis méi frëndlech gëtt. Mat 14 bis 18 Grad gëtt et en Tick méi waarm. Fir de Samsden an de Sonnde gesäit d’Schauerwarscheinlechkeet momentan zimmlech niddereg aus. E Samsde gi 15 bis 17 Grad erreecht, e Sonnden 16 bis 18 Grad.