De Wochenausbléck: Temperature bleiwe gréisstendeels bei ëm 20 Grad

Och an der neier Woch deet sech net vill un den Temperaturen. Se bleiwen am Beräich vun den 20 Grad – zäitweis drënner, zäitweis liicht driwwer.

Grousswiederlag

De vergaangene Weekend iwwer louche mir ënner liichtem Déifdrockafloss, wat sech elo awer erëm um änneren ass. Den Dag vun haut, de Méinden, ass en Iwwergangsdag. Vum Dënschden un erstreckt sech eng Héichdrockzon vum Atlantik hier iwwer gréisser Deeler vu Mëtteleuropa, wouduerch et erëm groussflächeg frëndlech duerch vill Sonn gëtt. Dëst huet allerdéngs keen all ze groussen Afloss op eis Temperaturen.


De viraussiichtleche Wocheverlaf vun uewe gekuckt | Animatioun: wxcharts.com

Den Oflaf

Haut um Méinde si nach zäitweis méi déck Wolleken ënnerwee, och Niwwelfelder sinn dobäi. Nodeems d’Temperaturen am Ufank tëscht 8 an 13 Grad louche, klamme se am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 16 an 20 Grad. De Wand ass schwaach aus Ost-Nordosten ënnerwee. Et gëtt no a no besser, déi kleng Nidderschlagswarscheinlechkeet vum Moien hëlt iwwerëgens och of. Um Dënschde gesäit et schonn däitlech besser aus, well sech den héije Loftdrock do schonn méi iwwer Mëtteleuropa breetgemaach huet. 14 bis 18 Grad sinn als Maximalwäerter dran, dobäi kënnt sech d’Sonn ëmmer erëm weisen. Et zéie just e puer kleng an harmlos Wolleken duerch. An der Nuecht op de Mëttwoch bleift et kloer, um Mëttwoch selwer schéngt d’Sonn ëmmer nach iwwer Bierg an Dall. D’Temperature klammen op 17 bis 20 Grad.

An der zweeter Wochenhallschent gëtt den héije Loftdrock erëm lues a lues a südlech Richtunge verdrängt, dat well sech vum Nordatlantik hier erëm déiwe Loftdrock probéiert breetzemaachen. Um Donneschde sollt et awer trotzdeem nach gréisstendeels frëndlech bleiwen, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 15 an 20 Grad. Um Freide sinn schonn erëm méi Wolleken ënnerwee, nidderschlagstechnesch schéngt et awer Stand aktuell mol nach roueg ze bleiwen. Um Samsden hätte mir bei 16 bis 20 Grad de selwechten Zenario, ier et um Sonnden dann méiglecherweis zu Schaueren an och mol engem Donnerwieder komme kéint. Wéi genee sech de Weekend awer entwéckle wäert, ka lo nach kee wëssen – et ass nach ze laang bis dohin.