Muer gëtt et just e klengen Tick manner waarm ewéi haut, duerno ginn d’Wäerter awer weider zréck. Vu kalem Wieder kann een dann awer ëmmer nach bei wäitem net schwätzen.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Mir leie gréisstendeels ënner Héichdrockafloss, an deen just zäitweis déiwe Loftdrock agräift. Relevant ass dat beispillsweis am Laf vum Dënschden, e Mëttwoch a méiglecherweis och e Samsden.
Dotëscht probéiert sech den héije Loftdrock esou gutt et geet oprecht ze erhalen, obwuel den Hëtzt-Peak wärend dem Mëttwoch a Richtung Osteuropa verdrängt gëtt.
De Verlaf
Haut um Méinden ass den Himmel blo bis liicht wollekeg duerch Schleierwolleken, d’Temperature si schonn séier um klammen. Aktuell (13:00 Auer) moossen ëmmer méi Wiederstatiounen 30°C an driwwer, erwaart ginn haut tëscht 31 a 35 Grad. Am spéidere Nomëtte besteet just eng minimal Warscheinlechkeet dofir, dass sech iergendwou am Grenzgebitt zu eise Nopeschlänner fläit en eenzelt Hëtztdonnerwieder kéint forméieren. An der Nuecht killt et mat 16 bis 21 Grad net esou wierklech gutt of, d’Wieder sollt awer passen fir de Maximum vun de Perseiden ze beobachten.
Muer um Dënschde gëtt et op e Neits héichsummerlech waarm, tëscht 30 a 34 Grad stinn um Programm. Et soll laang dréche bleiwen, ier dann vum Nomëtten un de Risk fir eenzel Donnerwieder klëmmt. Ob et awer tatsächlech dofir wäert duergoen, kann een aktuell nach net soen. Déi meescht Signaler dofir ginn et fir den Owend, resp. de spéideren Owend. Sollt et dozou kommen, da wieren de Staarkreen & gréisser Reenzommen a kuerzer Zäit en Thema. E Mëttwoch rechnen d’Modeller mat nach méi däitlechen Unzeechen fir Donnerwieder, ier d’Warscheinlechkeet dovir vum spéidere Nomëtten/fréien Owend u sollt ofhuelen. D’Nuecht op en Donneschde gëtt eng kloer. Dagsiwwer ginn 22 bis 27 Grad erreecht, an der Nuecht geet et op 13 bis 18 Grad zréck.
Tëscht dem Donneschden an dem Sonnden erliewe mir e Mix aus Sonn a Wolleke, just zäitweis sinn dës méi kompakt. E bësse Reen kéint eis e Samsden ustoen, iwwerdeems sech déi aner Deeg gréisstendeels dréche weisen. Vun den Temperaturen hier stinn en Donneschden 23 bis 26 Grad um Programm, e Freiden 23 bis 28 Grad, e Samsden 22 bis 26 Grad an e Sonnde 19 bis 23 Grad. Vun engem Réckgang an de kale Beräich kann een also weiderhi net schwätzen.