De Wochenausbléck: Temperature klamme kuerz a Richtung 20 Grad

D’lescht Woch den Dënschden hu mir op dëser Plaz déi éischt Kéier vun der Optioun geschwat, dass sech am Laf vun dëser Woch kuerzzäiteg erëm méi waarm Loftmassen duerchgesat kréien. Den Trend huet sech confirméiert.

Tëscht Wolleken a Reen och mol Sonn

Mir starten d’Woch nach ënner liichtem Héichdrockafloss, dee sech an de nächste Stonnen awer ëmmer méi wäit an den Oste vum Kontinent verlagere wäert. Mir geroden ëmmer méi ënner eng Südweststréimung, wouduerch et vu muer un erëm méi waarm gëtt. Déi méi waarm Phas soll awer schonn um Mëttwoch hire Maximum areechen.


Et ass schéin ze gesinn, wéi eis fir de Mëttwoch waarm Loftmassen zougespillt ginn | Animatioun: wxcharts.com

De Méinde starte mir mat ville Wolleke mee awer och Niwwelfelder an den Dag eran, schwaach Nidderschléi a Form vu Fisemreen si méiglech. D’Temperature leien tëscht 4 a 7 Grad a klammen am Virmëtten op 6 bis 8 Grad erop, et gëtt ëmmer manner gro. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 9 bis 13 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Süd-Südosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Wa sech de Niwwel iwwerall opgeléist huet, sinn och mol méi laang sonneg Phasen ze erwaarden. An der Nuecht op den Dënschde falen d’Temperaturen op 7 bis 4 Grad, et ass wollekeg a niwwleg. Um Dënschdemëtten- an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 15 bis 19 Grad areecht, den Himmel ass bedeckt an et ass mat Schaueren ze rechnen.

Peak vun den Temperaturen um Mëttwoch

An der Nuecht op de Mëttwoch bleift et naass, d’Temperature leien tëscht mëllen 10 an 13 Grad. Am Dag si vill Wolleken ënnerwee, et bleift awer op den allermeeschte Plazen dréchen. Et gi Maximaltemperature vu 16 bis 19 Grad areecht, lokal esouguer 20 Grad. Et ass de viraussiichtlech wäermsten Dag vun der Woch. An der Nuecht op den Donneschde gëtt et manner wollekeg an d’Temperature pendle sech tëscht 11 a 14 Grad an. Den Donneschdemoien ass et nach kuerz liicht wollekeg, plazeweis niwwleg, d’Temperature leien tëscht 11 a 14 Grad. Et gëtt séier méi wollekeg, aus Südweste kënnt Reen an d’Land. Am Nomëtte klëmmt den Thermometer op 16 bis nach eng Kéier 19 Grad. Um Freide bleift et meeschtens wollekeg, et soll reenen. D’Temperature klamme nach op 13 bis 16 Grad. Um Samsde soll et bei engem Sonn- Wollekemix méi dréche ginn, et gëtt just nach 11 bis 15 Grad waarm. De Sonnden zitt eng Kalfront iwwert eis ewech, virdru soll et mat 14 bis 17 Grad awer nach zimmlech mëll ginn.