De Wochenausbléck: Temperature leien am Dag just nach bei ëm 10 Grad

Déi méi kal Joreszäit huet eis voll am Grëff. Dës Woch sollen eis Temperature nach e Stéck zréckgoen – waarm Kleedung ass ugesot.

Viraussiichtlech manner naass wéi d’lescht Woch

Op den éischte Bléck gekuckt, schéngt déi nei Wiederwoch manner naass ze ginn wéi d’lescht Woch. Vun der Grousswiederlag hier bleift et variabel: ufanks der Woch hu mir et nach mat liichtem Héichdrockafloss ze dinn, deen awer am Laf vun de nächsten Deeg ëmmer erëm vun Déifdrockgebitter gestéiert gëtt.


Kill Loftmassen hunn eis an dëser Wiederwoch voll am Grëff. | Animatioun: wxcharts.com

Mir starte mat engem liicht wollekegem bis bedeckten Himmel an de Méinden eran, d’Temperature leien tëscht 5 an 11 Grad a klammen am Nomëtten op e Maximum vun 10 bis 13 Grad. Et si vill Wolleken ënnerwee, mee mat Chance ka sech dotëscht och mol d’Sonn kuerz weise kommen. Et besteet eng kleng Warscheinlechkeet vun enger vereenzelter Schauer, dat bei engem schwaache bis liicht spierbare West-Nordwestwand. An de Spëtzte bléist e mat 30 km/h. Den Dënschde bleift den Himmel gréisstendeels bedeckt, mee och genee sou sollte mir ouni Reen doduerch kommen. 9 bis 12 Grad sinn ze erwaarden, dat bei engem schwaache Wand aus Südosten. D’Nuecht op de Mëttwoch gëtt mat Minimalwäerter vun tëscht 3 a 6 Grad eng kill, an eenzelnen Däller kann et och op 2 Grad zréckgoen.

Keng gréisser Ännerungen an der zweeter Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent bleift d’Grousswiederlag déi selwecht a mir hunn et weiderhi mat hierschtlechen Temperaturen ze dinn. Et ass de Groussdeel vum Dag wollekeg, heiansdo kéint et ganz kuerz sonneg Momenter ginn – se sinn awer éischter rar. 7 bis 11 Grad sinn ze erwaarden. Um Donneschde soll et dem aktuelle Stand no gréisstendeels wollekeg bleiwen, et soll awer net reenen. 7 bis 11 Grad solle nach gemooss ginn, dat bei engem liicht spierbare Wand aus nërdleche Richtungen. Um Freiden an och um Samsden ass mol erëm eng eenzel Schauer méiglech, vill sollt do awer net zesummekommen. 8 bis 11 Grad sinn um Freiden dran, de Samsden 8 bis 12 Grad. De Sonnde soll quasi identesch ginn bei och 8 bis 12 Grad.