De Wochenausbléck: Temperaturen ënner 30 Grad, ëmmer nach kaum Reen

Déi richteg waarm Loftmasse, mat deene mir et a leschter Zäit ze dinn haate, gi vum Méinden un an de Südoste vun Europa verdrängt. Duerch en Déif un der norwegescher Küst ginn e bësse méi kill Loftmassen an eis Géigende gelenkt.


Mix aus Sonn a Wollécken

Zumols ufanks der Woch hu mir et mol nach mat e puer méi Wollécken ze dinn, déi zesumme mat der Sonn um Himmel ze gesi wärte sinn. Se wiessle sech of, dobäi besteet just zäitweis eng kleng Wahrscheinlechkeet vun där enger oder anerer Schauer. Wann et naass gëtt, da just enk begrenzt a net flächendeckend. Dat heecht, dass et op de meeschte Plaazen drëche bleiwe wärt.

Um Méinden ass et virun allem bis an de Nomëtten nach e bësse wolléckeg, ier sech d’Sonn am Nomëtten e bësse besser duerchsetze kann. Och wann déi richteg waarm Loftmasse fort sinn, heecht et net, dass et kaal gëtt. Et bleift summerlech zu Lëtzebuerg, dat bei 23 bis 27 Grad. De Wand bléist liicht spierbar bis zäitweis opfälleg aus Nordweste mat Spëtzte vu 40 km/h. An der Nuecht klärt et op, dat bei W£erter déi op 14 bis 6 Grad zréckginn. Um Dënschde kënnt et de ganzen Dag zu engem Sonn- Wolléckemix, dat bei Maximaltemperature vun 21 bis 26 Grad. De Wand areecht nach 35 km/h an de Spëtzten, d’Schauerwahrscheinlechkeet ass nëmme kleng. D’Nuecht op de Mëttwoch gëtt och meeschtens kloer bei 14 bis 5 Grad.

Déi richteg waarm Loftmasse ginn aus eise Géigenden ofgedrängt (GFS / wxcharts.com)

Rem méi Sonn a bësse méi waarm

Vun der zweeter Wochenhalschend un sollt sech d’Sonn, zumindest laut den aktuelle Berechnungen (Stand: 01.07.2019 00:11 Auer), rem méi oft weise kommen a sech domadde rem besser duerchsetze kënnen. Um Mëttwoch hätte mir et dem no also mat vill Sonn an Temperature vun 22 bis 26 Grad ze dinn. Och den Donneschde soll et sonneg bleiwen, aus momentaner Siicht wiere rem 24 bis 30 Grad dran. Um Freiden an och um Samsde soll d’Sonn d’Haaptroll bei eis iwwerhuelen, et gëtt mat 23 bis 27 Grad um Freiden a 19 bis 25 Grad um Samsden awer net méi sou waarm.

Wéini kënnt de Reen?

Gleeft een de Modellrechnungen, da sollt d’Wahrscheinlechkeet vu méi groussflächegem Reen ab dem 8. Juli lues a lues rem klammen.