De Wochenausbléck: Temperaturen um Wee no uewen, net all ze vill Reen

Nom nach eng Kéier liicht wanterleche Mix de Weekend geet et elo an der neier Wiederwoch erëm biergop.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Mir wäerten erëm meeschtens ënnert enger südwestlecher Stréimung leien, déi duerch markanten Déifdrockafloss iwwert dem Weste vum Kontinent/Ostatlantik ausgeléist gëtt. Dobäi läit héije Loftdrock iwwert den ëstleche bis südëstlechen Deeler vun Europa. Duerch dëst Muster kënnen also keng esou kill Loftmasse méi wéi de Weekend op Lëtzebuerg gezu kommen, et gëtt méi mëll. A well et sech awer och net ëmt eng dréche Stréimung handelt, muss zäitweis ëmmer nach mat Reen gerechent ginn. D’Quantitéite sollten awer net all ze héich ausfalen.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Wa sech haut um Méinden de Buedemniwwel bis opgeléist huet, erwaart eis e frëndlechen Dag mat engem Mix aus Sonn an héije Wolleken. De Moie louchen d’Temperaturen am Land verdeelt tëscht -3 an 3 Grad, packen et am Nomëtten awer op e Maximum vun tëscht 8 an 12 Grad an et bleift dréchen. En Dënschde sollt dat och nach de Fall sinn, obwuel am Laf vum Dag d’Warscheinlechkeet vu Schauere liicht klëmmt. Um Owend an och kuerz viru Mëtternuecht sollt se am héchste sinn – also dann net wonneren, wann et mol naass gëtt. D’Temperature packen et op e Maximum vu viraussiichtlech 12 bis 16 Grad. E Mëttwoch si virun allem an der éischter Dageshallschent e puer liicht Nidderschléi net ausgeschloss, duerno sollt et awer bei engem Mix aus eenzelne sonnege Momenter a méi décke Wolleken awer dréche bleiwen. D’Temperature gesinn erëm e klenge Réckgang, 8 bis 12 Grad ginn erreecht.

An der zweeter Wochenhallschent kéinten den aktuelle Modellrechnunge no erëm liicht instabil Loftmassen an d’Spill kommen. Fir en Donneschde steet den Duerchgang vun enger schwaacher Front un, dobäi si Schaueren ze erwaarden. Eenzel geréngfügeg Signaler fir lokal Flacke ginn et och, mee dat sollt een net op d’Goldwoo leeën. 9 bis 11 Grad stinn un. E Freide soll eis dann e weidert Déifdrockgebitt eng Front op Lëtzebuerg bréngen, déi duerch eng liicht Instabilitéit och mol dat engt oder anert Donnerwieder ka mat sech bréngen – de Staarkreen wier dobäi am Fokus. 11 bis 16 Grad sollen de momentane Modeller no erreecht ginn.


Déi aktuell berechent Temperatur fir de Samsdenomëtte vum europäesche Modell ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Wat d’Temperature fir de Weekend ugeet, si sech d’Modeller onsécher. Den amerikanesche Modell gesäit de Samsden a Maximum vun 10 Grad, den europäeschen ECMWF awer 20. Den däitsche Modell ass och op der Säit vum europäeschen an esouguer de koreanesche Modell geet an déi Richtung. Mol kucken, ob den europäesche Modell dann tatsächlech als Gewënner wäert erauskommen. Fir e Sonnde wieren ëm 16 Grad méiglech. Et besteet de Risk vun enger lokaaler Schauer oder och mol engem Donnerwieder.