De Wochenausbléck: Tëschen 33 a 40 Grad duerch Hëtztwell ze erwaarden

An de leschten Deeg hunn d’Wiedermodeller ëmmer rem héichsummerlech Temperaturen ugedeit, dat mat Méiglechkeet op eng Hëtztwell. Den Trend huet sech elo confirméiert.

Vill Sonn a wäit iwwer 30 Grad

Vum Méinden un stellt sech eng Hëtztwell a Mëtteleuropa an. Schold ass en Déif iwwert dem Atlantik an en Héich mam Kär iwwert der Schwäiz/Norditalien. Dotëscht gi waarm bis richteg waarm Loftmassen an eis Géigende gelenkt, déi fir déi zweet Hëtztwell vun dësem Joer suerge wärten.

Um Méinden ass mat 28 bis 32 Grad ze rechnen, um Moie si nach e puer Wollécken ënnerwee. Am Laf vum Dag kritt sech d’Sonn awer ëmmer besser duerchgesat, d’Temperature klammen op 28 bis 32 Grad. Um Dënschde schéngt d’Sonn de ganzen Dag, mat 30 bis 36 Grad maachen d’Temperaturen e gudde Krack no uewen.

Dëst soll et awer nach net gewiescht sinn. Vum Mëttwoch un rechnen d’Modeller mam Maximum vun der Hëtztwell. Sou solle Mëtt der Woch 33 bis 38 Grad areecht ginn, um Donnëschde wiere souguer, falls sech d’Berechnunge net méi vill veränneren, 36 bis 40 Grad net onméiglech. Dat alles geet mat ganz vill Sonn iwwer d’Bühn, heiansdo si just e puer kleng an harmlos Wollécken ze gesinn.

Loftmassen aus Spuenien a Nordafrika ginn ugezaapt (ICON / wxcharts.com)

Tropenuechten ze erwaarden

Duerch déi héich Temperaturen, déi dagsiwwer areecht ginn, killt et och an de Nuechte net méi sou gutt of. Falen d’Temperature net ënner 20 Grad, gëtt vun enger Tropenuecht geschwaat.

An der Nuecht op den Dënschde ginn d’Wäerter op 19 bis 16 Grad zréck, just op e puer eenzelne Plaze fale se op 13 bis 8 Grad. D’Nuecht op de Mëttwoch fält mat 16 bis 20 Grad méi mëll aus, an den Däller falen d’Wäerter op 10 Grad. An der Nuecht op den Donneschde gëtt et lokal net méi méi kal wéi 20 Grad, virun allem an der Südhalschend vum Land. 23 bis 17 Grad soll et zréckgoen, am Norden op 19 bis 16 Grad. An den Däller gëtt et mat 10 Grad rem ausnahmsweis méi kill. Och an der Nuecht op de Freide wéi och op de Samsde kënnen dës Wäerter nach zoutreffen.

Video vum 21.07.2019

Bis de Freiden éischter kee Reen

Bis de Freide sollt et den allermeeschte Wiedermodeller no drëche bleiwen. Wéi een op der Grafik gesäit, mecht de Reen a grousse Bou ronderem Lëtzebuerg a wärt réischt um Freide selwer rem méi interessant ginn.

Traut een de momentane Modellrechnungen, da kéint de Freidenowend d’Wahrscheinlechkeet vun Donnerwieder an d’Luucht goen. Dohier gesäit virun allem de GFS alleng fir de Freidenowend bis an d’Nuecht op de Samsden eran d’Méiglechkeet vu bal 10 l/m² Reen. Et handelt sech dobäi ëmt eng Kalfront, déi aktuell awer nach net wierklech zäitlech agrenzbar ass. Iergendwann tëschent dem Freidemëtten an dem Samsdemoie sollt des en Effekt op Lëtzebuerg hunn. Ob do Onwieder dobäi sinn, ass zwar denkbar, mee nach laang keng Mussesaach.