Um mëttelfristegen Ausbléck vun der leschter Woch huet sech net vill geännert: Dës Woch gëtt et engersäits naass, mee anerersäits och zimmlech lëfteg. Markant Zenarie si méiglech.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Den héije Loftdrock huet sech gëschter am Laf vum spéidere Sonnden definitiv verzunn, schonn um Owend an och iwwer Nuecht koum et zu den erwaarden éischte Nidderschléi. Haut si mir mat dësen an den Dag gestart, e Changement an déi frëndlech Richtung gëtt et net. De Grond: Mir geroden ënnert eng typesch variabel Westwiederlag, bei där ëmmer erëm een Déif nom aneren vum Atlantik hier an eis Géigende gezu kënnt.
Just e Samschden an e Sonnde kéint en Tëschenhéich fir eng kuerz Berouegung suergen, ier et mat der strammer westlecher Stréimung virugeet.
De viraussiichtleche Verlaf
Haut um Méinde kréie/krute mir virun allem de Moien an och am Virmëtten eng kleng Anung dovun, dass et definitiv amgaangen ass, ëmzeschloen. De Weekend iwwer hate mir nach spéitsummerlech Temperaturen erreecht, wat dës Woch awer eriwwer ass. Wat den Dag vun haut betrëfft gëtt et awer schonn erëm lues a lues liicht besser: Am Laf vun de Stonne ka sech och mol d’Sonn tëscht de ville Wolleke weise kommen, iwwerdeems et meeschtens dréche bleift. An der Nuecht wieren da schonn erëm déi nächst Nidderschléi dobäi.
Vu muer un gëtt d’Situatioun dann manner gutt: Ëmmer erëm ass mat Schaueren ze rechnen, e Mëttwoch ass et änlech. Jo, et gi Pausen dotëscht, mee all ze laang halen déi net un. Besonnesch e Mëttwoch si sech d’Modeller zimmlech sécher, dass eis am spéidere Verlaf vum Dag e grousst Reegebitt soll erreechen, wat eis zumools iwwer Nuecht markant Nidderschléi mat och potenziell grousse Reenzomme ka bréngen.
Vun en Donneschden u gëtt d’Prognos vun der Viraussobarkeet e bësse méi schwiereg: Et kënnt e Stuermdéif an d’Spill, wat sech vu Südengland aus a Richtung Ostséi verlagert. Wéi genee den Impakt op Lëtzebuerg géif ausgesinn, ass Stand haut nach onsécher. D’Zenarie kënnen awer vun engem spierbare Wand mat Spëtzte vun ëm 50 km/h bis hin zu engem éischten Hierschtstuerm mat Vitessen vu knapp ënner 100 km/h goen, besonnesch fir e Freiden. Iwwerdeems géif et dann och ëmmer erëm naass ginn, och méi kräfteg Schaueren oder eenzel Wiedere wiere net onméiglech.
E Samschdemoie wier et, Stand elo, nach e bësse naass. An de Stonnen drop gëtt et duerch dat virdrun ugeschwat Tëschenhéich erëm besser, wat bis e Sonnden inclus kann unhalen.
D’Temperature leien déi ganz Woch iwwer, ausser vereenzelt haut um Méinden, bei ënner 20 Grad. A Richtung Weekend kéint et och méi oft op ënner 15 Grad goen. Méi zu de viraussiichtlechen Temperature fannt Dir op der Säit fir Wiederprognosen.