De Wochenausbléck: Turbulent Westwiederlag ze erwaarden

Et kënnt erëm uerdentlech Schwong an d’Wiederkichen, wat mir dës Woch ganz gutt ze spiere kréien. Stellt Iech op vill Wand a vill Reen an.

Grousswiederlag

Am Laf vun dëser Woch wäert sech de liichten Héichdrockafloss, mat deem mir et elo de Weekend ze dinn haten, weider a Richtung Atlantik mee awer och Mëttelmierraum verzéien. Duerch dës Verlagerung gerode mir zu Lëtzebuerg erëm ënnert eng naass a lefteg westlech Stréimung, déi eis erëm uerdentlech Beweegung op de Wiedermenu bréngt. Och d’Temperature wäerten zäitweis erëm am gréissere Stil um Schwanke sinn – an der zweeter Wochenhallschent ass et nämlech net onméiglech, dass et erëm zu engem Virstouss vu polare Loftmasse kënnt.


Héije Loftdrock verzitt sech, Déifdrockafloss mécht sech breet | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Elo an der éischter Wochenhallschent erwaarden eis schonn vill Wolleken, d’Unzuel u klore Momenter geet ganz kloer zréck. Haut um Méinden ass et esou gutt wéi de ganzen Dag bedeckt, ausser um ganz fréie Moien. De Reen gëtt vum fréie Nomëtten un ëmmer méi warscheinlech, dat iwwerdeems ëmmer méi kompakt Wolleken de Wee bis bei eis fannen. D’Temperature packen et op 4 bis 10 Grad a wäerten an der Nuecht op den Dënschde kee nennenswäert Stéck falen. Et ass iwwerdeems mat Reen an engem spierbare Wand ze rechnen. Um Dënschde bleift et ganz änlech, dat bei 8 bis 11 Grad. Dagsiwwer esouwéi och an der Nuecht ass de Frascht kuerz keen Thema méi, an der Nuecht op de Mëttwoch sinn mir beispillsweis mat tëscht 5 an 8 Grad dobäi. Um Mëttwoch ass duerch den Dag verdeelt mat Schaueren ze rechnen, déi awer virun allem a Richtung Owend an och Nuecht op den Donneschde méi verbreet optriede sollten. D’Temperature packen et op 8 bis 12 Grad.

Déi zweet Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent muss ee virun allem op den Donneschden en Aen geheien: et ass deen Dag vun der Woch, un dem d’Gefor vun enger warnrelevanter Stuermlag am warscheinlechsten ass. Et bleift de ganzen Dag bedeckt an et reent, op de Koppe si méi spéit och eenzel Flacke net ausgeschloss. Ier et esouwäit ass gëtt nach en Temperaturmaximum vun tëscht 7 an 11 Grad erreecht. Um Freide bleift et och gro, dat mat engem Mix aus Reen an e puer eenzelne méigleche Flacken op den héchste Koppen. 5 bis 10 Grad stinn un. De Wand bleift spierbar. Um Samsde bleift et gro a naass, ier et um Sonnden mat Chance zu e puer sonnege Momenter komme kann. D’Temperature schaffen un den 10 Grad.