De Wochenausbléck: Ufanks bis knapp 30 Grad, dann e bësse manner waarm

Déi nei Woch begréisst eis mat vill Sonn a summerlechen Temperaturen. Reen ass awer ëmmer nach net vill an Aussiicht.

Stuermdéif bréngt nachemol bis knapp 30 Grad

De Méinde läit un der Westküst vu Frankräich e Stuermdéif. Dëst Stuermdéif lenkt direkt zu Wochenufank méi waarm Loftmassen an eis Géigende, wouduerch mir um Méinde rem Temperature vun 23 bis 27 Grad moosse kënnen. Demno wéi kann et laanscht Musel och mol fir 28 Grad duergoen. Um Dënschde verlagert sech de Kär vum Stuermdéif weider a positionéiert sech iwwert dem Ärmelkanal, wouduerch déi méi waarm Loftmassen ëmmer nach iwwert eise Géigenden hänke bleiwen. Sou kann et um Dënschden, zwar bei e puer Wollécken an engem minimale Schauerrisk am Nomëtte, 24 bis 29 Grad waarm ginn. De Wand areecht 35 km/h an de Spëtzten.

Um Mëttwoch zitt d’Stuermdéif weider a schwächt sech of, ier et an der Nuecht op den Donneschden an Holland ukënnt. D’Kalfront vum Déif zitt an Tëschenzäit iwwer Lëtzebuerg ewech, soudass et e puer Grad manner waarm bei eis gi wärt. Et gi nach Maximaltemperature vun 20 bis 24 Grad areecht, wierklech kaal gëtt et also net. Och um Donneschde geet et mat enger Partie Wollécke virun, d’Sonn kënnt sech awer och weisen. D’Temperature leien tëschen 21 a 25 Grad. Bis de Freide behaale mir eng nëmme kleng Wahrscheinlechkeet vun e bësse Reen, d’Temperaturen areeche 19 bis 23 Grad.

Déif lenkt ufanks der Woch waarm Loftmassen op Lëtzebuerg (ICON / wxcharts.com)

Sou wéi et den aktuellen Trend gesäit, sollen d’Temperaturen de kommende Weekend och net wierklech vill aneschters ausfalen. Um Samsde wieren aus aktueller Siicht 21 bis 24 Grad méiglech, um Sonnde kéint et eventuell rem e Stéckche méi waarm ginn. Am grousse Ganze kann een als Fazit zéien, dass et eng Woch mat engem Sonn- Wolléckemix wärt ginn. Mat Chance reent et heiansdo mol e bësse, wat der Natur sëcherlech gefaale géif. D’Temperature sinn ufanks der Woch am héchsten, ier se vum Mëttwoch un tësche 19 a 25 Grad am Dag hin an hier pendlen.