De Wochenausbléck: Ufanks liicht wanterlëch, duerno rem méi waarem

Iwwert de Weekend sinn d’Temperaturen e gutt Stéck zréckgaangen. Dëst bleift och nach eng kleng Zäitche sou.

Killen a naasse Start

Dës Woch weist sech vu sénger méi groer Säit. Ufanks ass et dobäi nach méi oft naass, virun allem op de Koppe kann do Schnéi dobäi sinn. De Wand wärt och nach eng Roll spillen, ier sech d’Situatioun ab Mëtt der Woch lues a lues berouëge wärt.

Um Méinde starte mir mat engem groen Himmel an den Dag eran, dobäi muss mat Niwwel mee och eenzelne Schauere gerechent ginn. D’Temperature leien tëschen 1 a 6 Grad, am Norde kann de Reen plaatzeweis och als Schnéireen oder Schnéi eroofkommen. Et besteht ëmmer nach d’Wahrscheinlechkeet vu glaate Stroossen. Am Virmëtte klammen dës Werter op 3 bis 6 Grad erop, änneren deet sech näischt. Mëttes an am Nomëtte behaale mir de staark bedeckten Himmel, zäitweis sinn och e bësse méi déck Schaueren dobäi. D’Temperature packen et op e Maximum vun 3 bis 6 Grad, de Wand ass mat Spëtzte vu bis zu 50 km/h kräftëg aus Nordosten ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht bleiwen eis d’Wollécken an de Reen erhaalen, d’Temperature faalen op 5 bis 2 Grad.

De weidere Verlaaf

Ier et ab Mëtt der Woch rem bësse méi waarem a manner naass gëtt, erwaart eis um Dënschde mol nach e méi turbulenten Dag. E Stuermdéif wärt eist Wieder beaflossen, et si Wandspëtzte vun ëm déi 80 km/h net auszeschléissen. Op der Récksäit vum Déif gi kaal Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt, soudass de virausgesoote Reen och a Schnéi iwwergoe kann. Um Mëttwoch ass et dann ëmmer nach meechtens wolléckeg, mee mat bis zu 13 Grad net méi grad esou kill. Déi Deeg drop schéngt et, wéi wann d’Sonn och mol tëschent de Wollécken erauskomme kéint, daat bei weiderhin ëm 13 Grad.