De Wochenausbléck: Ufanks nach zäitweis Schnéischaueren, duerno méi waarm

Wéi gesot, bleift et elo net nohalteg esou kill wéi et de Moment ass. Eng Erwiermung ass a Siicht, mee bis dohi kann et nach zu e puer Flacken a glate Stroosse kommen.

Grousswiederlag

Mir geroden ënnert eng Westwiederlag, déi awer heiansdo och e puer méi kill Loftmassen dotëscht op Lëtzebuerg brénge kann. Et ass also e Wiessel tëscht méi mëller a méi killer Loft ze erwaarden, wouduerch ëmmer nach kee bestännege Wanterfeeling opkënnt. Mat dobäi kënnt e spierbare bis stiermesch ugehauchte Wand, deen dat Ganzt nach e bësse méi ongemittlech mécht. Ofgesinn vun der Nuecht op den Dënschde schéngen déi nächst besser Chancen op Schnéi eréischt erëm a Richtung Weekend ze bestoen, nodeems et kuerz méi waarm war.


Déifdrockgebitt no Déifdrockgebitt erwaart eis an dëser Woch. | Animatioun: wxcharts.com

Zustaane kënnt dës Westwiederlag duerch héije Loftdrock iwwert den Azoren & der Küst vu Portugal a Spuenien souwéi och héije Loftdrock iwwert dem nërdleche skandinavesche Raum. Dotëscht zéien am Laf vun der Woch sëlleg Déifdrockgebitter duerch, et forméiert sech quasi eng richteg “Déifdrockstrooss”.

De Verlaf

D’Woch start wat d’Temperaturen ugeet ganz änlech wéi se eriwwer gaangen ass. De Moie starte mir mat -3 bis 0 Grad an den Dag eran, am Nomëtten ass e Maximum vun tëscht 0 a 4 Grad ze erwaarden. Trotz ville Wolleken an e puer Niwwelfelder si net wierklech nennenswäert Niddersdchléi dobäi, de Wand bléist zäitweis spierbar aus West-Nordweste mat Spëtzte vu 40 km/h. No engem net esou nidderschlagsräiche Méinde starte mir mat ville Wolleken a Schnéischaueren an den Dënschden eran, dat bei -1 an 2 Grad inkl. Risk vu glate Stroossen. Schonn am Virmëtte geet de Schnéi iwwerall a Reen iwwer, well am Laf vum Dag tëscht 5 a 7 Grad ze erwaarde sinn. De Wand bléist mat Spëtzte vu bis zu 60 km/h stramm aus Westen. Och de Mëttwoch bleift et staark bedeckt an et reent ëmmer erëm, d’Temperature packen et op 4 bis 8 Grad an de Wand ass an de Spëtzten ëmmer nach mat bis zu 60 km/h ënnerwee.

Déi zweet Wochenhallschent geet nach mat méi héijen Temperature vu maximal 2 bis 5 Grad un, am Laf vum Donneschde sinn allerhéchstens am äusserste Norden eenzel Flacken tëscht dem Reen méiglech iwwerdeems et soss iwwerall reent. De Wand bléift mat Spëtzte vu 45 km/h zimmlech spierbar. Wat den aktuelle Stand ugeet géif et um Freiden erëm méi kill ginn, dat nach mat engem Maximum vun tëscht 1 an 3 Grad a Nuetstemperature vun ënnert dem Gefréierpunkt. Et setzt Schnéifall an. Um Samsde bleift et erëm zimmlech gro bei maximal 2 bis 5 Grad, an der Nuecht si mir am Beräich vum Gefréierpunkt ënnerwee. Zäitweis ass mat Schnéireen ze rechnen. Och de Sonnde gëtt en zimmlech groen Dag mat eenzelne Nidderschléi, d’Temperature klammen op 2 bis 5 Grad als Maximum.