De Wochenausbléck: Um Héichdrockafloss gëtt gerappt a gezunn

An dëser Woch ass den héije Loftdrock zwar nach gréisstendeels fir eist Wieder verantwortlech – heiansdo kann et awer schonn fir e bësse Reen duergoen.

D’Grousswiederlag

De schéinen Héichdrockafloss, deen mir elo zanter e puer Deeg hunn, weist sech elo an der neier Woch leider net méi ongestéiert. An der zweeter Wochenhallschent ass tendenziell mat méi Wolleken ze rechnen, virun allem um fréien Donneschdemoie soll och eng Kalfront duerchzéien.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Woch | Animatioun: wxcharts.com

En definitiven Ëmschwong sollt dann awer eréischt an der nächster Woch dra sinn, wou erëm eng typesch Westwiederlag op eis erabrieche kéint.

De Verlaf

Et ass elo also net mat engem abrupte Changement ze rechnen, mee e schläicht sech lues a lues un. Haut um Méinden ass et beispillsweis erëm meeschtens frëndlech bei vill Sonn, et zéien e puer héich Schleierwolleken duerch. D’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 9 an 11 Grad, wat zimmlech mëll fir d’Joreszäit ass. Muer um Dënschden sollen de Modellrechnunge no erëm e bësse méi Wolleken ënnerwee sinn, dat bei 6 bis 9 Grad. Wierklech relevante Nidderschlag steet awer nach net un. De Wand gëtt mat Spëtzte bis ëm 40 km/h aus Südweste just e klengt Stéck méi spierbar. E Mëttwoch solle sech Sonn a Wolleke nach ofwiesselen, ier et vum Nomëtten un awer definitiv ëmmer méi wollekeg gëtt – wat en éischt Unzeechen op d’Kalfront ass. Et gi nach eng Kéier 6 bis 9 Grad erreecht.

An der zweeter Hallschent vun der Nuecht op en Donneschde kënnt vu Nordwesten hier déi besot Kalfront eragezunn a bréngt eis viraussiichtlech am ganze Land e bësse Reen. Bis kuerz virum Donneschdemëtten sollt se eis awer schonn erëm verlooss hunn, hannendru kënnt et erëm zu e puer sonnege Momenter. Bis e Sonnden ass et méi oft wollekeg/dréif wéi nach an der éischter Wochenhallschent, geréngfügeg Nidderschléi sinn och zäitweis dran. Déi grouss Quantitéite sinn et awer nach net, iwwerdeems sech d’Temperaturen am Dag bei knapp ënner 10 Grad ophalen. An de Nuechten ass just nach a rare Fäll Frascht dobäi, wéi beispillsweis an där op e Freiden, wou -1 bis 2 Grad méiglech sinn.

An der neier Wiederwoch ass aus momentaner Siicht mat däitlech méi Reen ze rechnen – et gesäit no enger Westwiederlag aus. Dozou awer méi zu engem spéideren Zäitpunkt.