
No eisem markanten Temperaturréckgang, deen eis am Laf vum Samschden iwwerrullt hat, geet et an dëser neier Woch zwar erëm méi frëndlech, dofir awer och méi kill virun. Just deelweis gëtt et e bësse naass.
Advertisement
D’Grousswiederlag
An dëser neier Wiederwoch zeechent sech op der gesamteuropäescher Wiederkaart of, dass mir et mat engem Héichdrockgebitt ze dinn hunn, wat sech lues a lues vu Groussbritannien aus a Richtung Skandinavien schläicht.

Zur selwechter Zäit läit en Déif iwwert dem Alperaum esouwéi och iwwert der iberescher Hallefinsel. Domat gëtt et, grob gesot, iwwert dem Südoste vum Kontinent naass, iwwerdeems et iwwert de nordwestlechen Deeler méi dréchen an och méi sonneg ass. Duerch dës Konstellation wier fréistens fir de Weekend domat ze rechnen, dass et erëm en Tick méi mëll gëtt – mee dat gëtt nach net majoritär esou berechent.
De Verlaf
Haut um Méinden hu mir e Mix aus Sonn a Wolleken, just punktuell besteet am Nomëtte mol d’Warscheinlechkeet vun enger schwaacher Schauer – mee wéi gesot, net jiddereen kritt eppes dovu mat. D’Temperature packen et op tëscht 12 a 16 Grad an der Spëtzt. Muer um Dënschde geet et änlech virun, mol ass et méi sonneg a mol méi wollekeg, bei Maximalwäerter vun tëscht 12 a 17 Grad. Fir e Mëttwoch sollen d’Wolleke viraussiichtlech en Tick méi déck ausfalen, d’Sonn ka sech mat Chance awer mol nach dotëscht blécke loossen. Zumools fir de Nomëtte gëtt erëm eng kleng Warscheinlechkeet vun enger punktueller a schwaacher Schauer berechent – ëmmer nach betrëfft et déi mannst. D’Temperature packen et op tëscht 13 a 16 Grad.

Fir en Donneschde gesinn déi momentan Modellrechnungen bal eenheetlech, dass eis eng Stéierung erwaart – en Ausleefer vum Déif, wat iwwert den Alpen aktiv ass. Et ass méi wollekeg an et wier fréistens vum Mëtten u mat Schaueren ze rechnen. Dës Aktivitéit géif awer net all ze laang unhalen, schonn am Laf vum Nomëtte géif et méi dréchen an zousätzlech och méi sonneg ginn. Fir de Weekend (Freiden inclus) gëtt momentan erëm Héichdrockafloss ugedeit, duerch deen mir et mat engem Mix aus Sonn a Wolleken ze dinn hätten. Vun den Temperaturen hier kann et, op d’mannst mol den optimisteschste Berechnunge no, erëm fir +/- 20 Grad duergoen. Den europäesche Modell ass awer nach méi pessimistesch ënnerwee a wëll esouguer e klenge Réckgang net ausschléissen – et heescht also ofwaarden.
Weiderhin op sensibel Planzen oppassen
Déi nächst Nuechte gi bis op weideres kal, an der leschter gouf z.B. un der Kachelmannwetter-Statioun zu Béiwen e Minimum vu 0,4°C gemooss. Un der Statioun zu Wolz gouf mat 0,3°C op 5 cm iwwert dem Buedem esouguer bal Buedemfrascht gemooss, d’selwecht un eiser Statioun zu Baschelt (0,6°C). Och an de nächste Nuechte geet et änlech virun, fir den Dënschdemoie gi Lofttemperature vun tëscht 0 a 6°C berechent, e Mëttwochmoie kann et an den Däller op 2°C zréckgoen, en Donneschdemoie wier et mat 4°C erëm en Tick méi mëll, ier et fir e Freiden an e Samschden erëm 2°C an 3°C als Minimum wieren.