De Wochenausbléck: Variabel Westwiederlag, spéiderhi méi waarm

An der neier Wiederwoch erwaart eis keng stabil Héichdrockwiederlag, wéi mir se an de leschte Woche gréisstendeels haten (ofgesi vun de klengen Ënnerbriechungen), mee éischter eng Westwiederlag.

Temperature klamme nëmme lues

An der neier Wiederwoch leie mir also meeschtens ënner enger westlecher bis südwestlecher Stréimung. D’Temperature leien an der éischter Wochenhallschent nach gréisstendeels am net summerleche Beräich, ier et de Modellrechnunge no vum Mëttwoch un op eenzelne Plaze rem fir summerlech Wäerter duergoe kann. Den Donnerwiederrisk huet awer och erëm e Wuert matzeschwätzen.

De Wocheverlaf vun uewen (GFS – wxcharts.com)

Sonn a Wolleken, tëschenduerch och mol naass

Mir starte mat ville Wolleken an déi nei Woch eran, um Méindemoie kann et plazeweis och nach zu där enger oder anerer Schauer kommen. Eenzelne Modellrechnunge no besteet bei 12 bis 16 Grad och e klengen Donnerwiederrisk. Mëttes an am Nomëtte gi maximaltemperature vu 17 bis 22 Grad areecht, dat iwwerdeems eis e spierbare Wand ëm d’Ouere bléist. En areecht Spëtzte vu bis zu 55 km/h aus West- Südwesten. Et gëtt, wat et méi spéit gëtt, ëmmer manner warscheinlech, dass et reent. Sonn a Wolleke wiessle sech of. A Richtung Dënschdemoie gëtt et ëmmer méi wollekeg, reene sollt et awer nach net. D’Temperature leien tëscht 11 a 14 Grad a packen et am Nomëtten op 18 bis 22 Grad. Wärend dem spéidere Nomëtte kënnen eenzel a nëmme schwaach Nidderschléi net ausgeschloss ginn. Se si net vu grousser Relevanz.

Donnerwiederrisk um Mëttwoch

Déi aktuell Modellrechnunge rechne, Stand aktuell (28.06.2020 – 21:25 Auer), mat enger Donnerwiederwarscheinlechkeet vum Mëttwoch. Mir hunn et de ganzen Dag mat enger Partie Wolleken ze dinn, tëschenduerch ka sech d’Sonn mol kuerz weise kommen. No 15 bis 17 Grad an de Fréistonne ginn am Nomëtten 21 bis 26 Grad areecht, plazeweis geet et also rem fir niddrëg summerlech Wäerter duer. Am Nomëtte ka, wéi gesot, eng Schauer oder e Wieder net ausgeschloss ginn. Um Donneschde kréie mir bei 18 bis 23 Grad e Sonn- Wollekemix, reenen deet et just nach op de mannste Plazen. Um Freide kënne bei Maximaltemperature vun 20 bis 24 Grad haaptsächlech am Nomëtten eenzel Schaueren optrieden – et betrëfft awer just déi mannst.

Weekend

Bleiwen d’Modellrechnunge wéi de Moment, da kréie mir et de Samsde mat engem frëndleche Sonn- Wollekemix bei 22 bis 26 Grad ze dinn. Um Sonnde soll eis da scho rem eng Kalfront mat Reen passéieren, d’Temperature packen et kuerz virum Passage nach op 21 bis 25 Grad.