Déi fiichtwaarm Loftmasse goufen de Weekend mat haardem Geknupps aus dem Land verdrängt, hannendru kommen elo manner waarm Loftmassen op Lëtzebuerg gefloss. De Summer mécht also elo eng kleng Paus.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Duerch héije Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum ginn d’Déifdrockgebitter, déi vum Atlantik kommen, ëmmer erëm iwwer Mëttel- a Westeuropa ëmgeleet. Dowéinst hu mir et weiderhi mat enger variabeler Wiederlag ze dinn, déi sech awer net duerch zolidd Donnerwieder auszeechent – mee méi aus engem Mix aus Sonn, méi décke Wolleken an e puer Schaueren.
Bis den Donneschden kënne sech zimmlech sécher keng méi waarm Loftmasse bei eis weisen, mee liicht besser Chancen weise sech kuerzzäiteg fir de Freiden a Samsden.
De Verlaf
Um Méindemoie koum et nach plazeweis zu e bësse Reen, aktuell (09 Auer) ass dat am äusserste Südosten ëmmer nach esou. Op anere Plaze weist sech awer schonn lues a lues d’Sonn tëscht de Wolleken. Am Laf vum Dag gëtt et weiderhi méi dréchen, iwwerdeems sech Sonn a Wolleken ofwiesslen. 16 bis 21 Grad stinn un. Um Dënschden an och um Mëttwoch ass mat Schaueren an deels och méi laang unhalendem Reen ze rechnen, dobäi klammen d’Wäerter net op iwwer 13 bis 18 Grad.
En Donneschde gesäit et aktuell och weiderhi no e puer Schaueren aus, dat duerch e schwaache Frontesystem – all ze vill sollt also net erofkommen. Mir erreeche viraussiichtlech 16 bis 20 Grad. De Freide soll et bei engem Sonn-Wollekemix meeschtens dréche bleiwen, e Samsde bréngt eis eng Kalfront erëm Reen. Et ginn 20 bis 24 Grad erreecht, esou déi aktuell Modellrechnungen. Fir e Sonnde stinn d’Chancen op méi dréchent Wieder besser, 17 bis 21 Grad.
Mir mierken also, dass eis zwar méi naass Phasen ustinn, mee et awer vun de Quantitéiten hier net immens vill sollt ginn. Och d’Sonn wäert hir Momenter hunn, iwwerdeems eis Temperaturen éischter net d’Schwell vu Summertemperature sollt erreechen.