De Wochenausbléck: Variabele Start, zweet Hallschent méi stabil

An dëser Woch hu mir et, wéi ugekënnegt, méi oft mat Déifdrockafloss ze dinn. Trotzdeem hu mir a Richtung Weekend erëm eng Phas, an där et erëm méi roueg soll ginn. En Iwwerbléck.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Bis en Donneschdemëtte leie mir primär ënnert dem Afloss vun engem Déifdrockgebitt, wat mat sengem Kär knapp südëstlech vun Island läit. Am Aflossberäich vun dësem Déif forméiere sech an de nächsten Deeg nach e puer kleng Déifer – och nach Randdéifer genannt. Haaptsächlech déi wäerten zu Lëtzebuerg fir de Reen an deels och mol fir méi lëfteg Passagen verantwortlech sinn.


De viraussiichtleche Verlaf fir dës Woch | Animatioun: wxcharts.com

Vum Donneschdenowend un verlagere sech déi fir eis relevant Randdéifer a Richtung Osteuropa, iwwerdeems sech viraussiichtlech en Héichdrockgebitt aus dem Azoreraum bis an eis Géigenden duerchgequetscht kritt. Duerch dëst soll eis bis de Weekend inclus eng méi roueg Héichdrockphas ustoen, an där et haaptsächlech méi dréche wier. Léist sech de Niwwel op, dann hätte mir och laang sonneg Ofschnëtter ze erwaarden.

De Verlaf

Haut um Méinde starte mir naass an déi nei Woch eran. Déi éischt Nidderschléi, déi mat enger Waarmfront zesummenhänken, hunn eis schonn erreecht. Bis an den Owend eran ass mat weiderem Reen ze rechnen, ier et iwwer Nuecht fir eng kuerz Zäit manner naass gëtt. D’Temperature leien de Moment tëscht 8 bis 12°C, virausgesot sinn 8 bis 13°C. An der kommender Nuecht geet et op tëscht 5 an 8°C zréck. Muer um Dënschden zitt eent vun de virdru genannte Randdéifer iwwert eis ewech, schonn vum fréie Nomëtten u kann et iwwert eng méi laang Zäit naass ginn. E Mëttwoch hu mir vum Virmëtte bis an de spéidere Nomëtten eran e kuerze Passage, bei dem et temporär zu sonnege Momenter ka kommen. Direkt duerno gëtt et aus Weste schonn erëm méi gro, well eis e weidert Déif mat enger Kalfront usteet. En Donneschde beaflosst eis dëst Déif nach e Stéckchen, ier et a Richtung Owend ëmmer méi irrelevant fir eis gëtt. E Mëttwoch ass mat engem Temperaturmaximum vun tëscht 5 an 8°C ze rechnen, en Donneschde mat 5 bis 9°C.

An da kënnt esoulues de Freiden an de Weekend, fir déi/den de Gros vun de momentane Modeller d’Duerchgräife vun engem Tëschenhéich simuléieren. Heescht: Soulaang sech de Niwwel verzitt, erwaart eis op d’mannst e frëndleche Mix aus Sonn a Wolleke – mat Chance kann et och zu Passage mat bloem Himmel kommen. Et gi just eenzel Modeller, déi e Freide selwer nach eng kleng Déifdrockstéierung net wëllen ausschléissen. An de Nuechte gerode mir lokal erëm an de liichte Minus, iwwerdeems mir dagsiwwer bei bis ëm 10°C solle landen.