De Wochenausbléck: Vill Wolleken, ëmmer erëm naass Momenter ze erwaarden

An der neier Wiederwoch gerode mir erëm méi ënner Déifdrockafloss. Doduerch gëtt et méi wollekeg, méi naass an och méi lefteg.

D’Grousswiederlag

Nodeems de Weekend haaptsächlech den héije Loftdrock dominéiert huet, rëtsche mir elo an der neier Wiederwoch erëm méi ënner Déifdrockafloss, deen dobaussen iwwert dem Nordatlantik lauert. Eréischt Enn der Woch kéinte mir mat Chance erëm e liicht ënner Héichdrockafloss geroden.


De viraussiichtleche Wocheverlaf dem amerikanesche Wiedermodell GFS no | Grafik: wxcharts.com

Et soll een also domat rechnen, dass et erëm méi oft naass gëtt an och, dass d’Wolleken erëm méi präsent wäerte sinn. Och eise Wand wäert zouhuelen.

De Verlaf

De Méinde starte mir mol nach esou änlech wéi an de leschten Deeg an déi nei Woch eran. Den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg, och Niwwelfelder si nach eng Kéier méiglech. D’Temperature starte plazeweis am Minus, soss si mir bei bis ëm 5 Grad ënnerwee. Am Laf vum Dag gëtt e Maximum vun tëscht 8 an 11 Grad erreecht, et gëtt ëmmer méi wollekeg. Vum Nomëtten u geet d’Warscheinlechkeet vu Schaueren an d’Luucht, ier se an der spéiderer Nuecht awer erëm zréckgeet. Um Dënschden ass mat enger Maximaltemperatur vun tëscht 9 an 13 Grad ze rechnen, et ass e gudden Tick méi wollekeg. Mat Chance sinn e puer sonneg Momenter dobäi. Vum Nomëtten u mécht sech op ee Neits Reen breet, deen am Laf vun der Nuecht awer erëm wäert verschwannen.

De Mëttwoch gëtt e méi dréchenen Dag, et zéien deels méi déck Wolleken duerch – dotëscht si sonneg Momenter méiglech. D’Temperature klammen op 8 bis 12 Grad. A Richtung Nuecht gëtt et erëm méi naass – esouguer flächendeckend. Lokal sinn och méi kräfteg Nidderschléi ze erwaarden. Den Donneschden ass bis an de Nomëtten era mat Schaueren ze rechnen, déi duerno e bësse manner fréquent solle ginn. D’Temperature klammen op 9 an 13 Grad. De Freiden an de Samsde klammen d’Temperaturen op 7 bis 10 Grad – wann et un engem vun den zwee Deeg reent, dann e Freiden. Fir de Sonnden ass mat Maximaltemperature vun tëscht 5 an 8 Grad ze rechnen, am Laf vum Owend soll eis eng Kalfront mat Reen aus Westen erreechen.